Als P Zuch bezeechent d'belsch Eisebunnsgesellschaft SNCB eng Kategorie vu Verstäerkungszich déi zu Spëtzenzäiten agesat ginn. D'Ofkierzung P steet souwuel fir dat flämescht Wuert "Piekuurtrein" a fir dat franséischt "Train d'heure de pointe".

SNCB 21 mat I10'er Voituren als P Zuch Etterbeek - Poperinge.

P Zich hunn hiren Depart entweeder tëscht 6 Auer an 9 Auer oder tëscht 16 Auer an 19 Auer. Am Prinzip fënnt een op P Zich jiddwer Zort vu Rullmaterial, mä an der Reegel sinn d'P Zich aus eelerem Material zesummegestallt.

Zu Lëtzebuerg setzt d'SNCB och P-Zich op der InterCity J-Streck an op der CFL-Linn 80 an. D'CFL assuréiert dofir 2 P Zich op der Verbindung Rodange-Virton mat 2200'er.