Pisa

italieenesch Gemeng
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Pisa. Fir den Akronym, kuckt wgl. PISA.


Pisa ass eng italieenesch Stad an Norditalien an der Toscana, eng ronn 10 Kilometer ëstlech vun der Plaz wou den Arno an d'Mëttelmier fléisst.

Pisa
Land Italien
Regioun Toskana
Provënz Pisa (PI)
Koordinaten 43°43'N, 10°24'O
Fläch 185,07 km²
Awunner 88.737 (1. Januar 2023)
Héicht 4 m
ISTAT 050026

Am Mëttelalter a bis kuerz an d'Neizäit era war Pisa en eegene Staat (Stadstaat).

Pisa ass d'Haaptstad vun der Provënz Pisa an huet ongeféier 90.000 Awunner. De Schifen Tuerm vu Pisa (Campanile) ass d'Symbol vun der Stad. Pisa ass eng Universitéitsstad an nieft der Universitéit huet och d'Scuola Normale Superiore, d'Eliteschoul vum Staat Italien, do hire Sëtz. Bal d'Hallschent vun den Awunner vu Pisa si Studenten. Dofir ass Pisa och sou eng lieweg Stad.

D'Piazza del Duomo vu Pisa ass 1987 vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Pisa – Biller, Videoen oder Audiodateien