Gabriel

männleche Virnumm
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie).

Gabriel ass e männleche Virnumm an och e Familljennumm.

Gabriel
Den Äerzengel Gabriel
Geschlecht männleche Virnumm
Namensdag 29. September
Ursprong
Sprooch Hebräesch
Genannt no Äerzengel Gabriel
Varianten
Spëtznumm Gab, Gabb, Gabbes
Anert Geschlecht Gabriel(l)e, Gabriel(l)a
Änleche Familljennumm Gabriel

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.

Namensdag änneren

De Gabriel huet säin Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.

Varianten an Ofkierzungen änneren

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab, Gabb, Gabbes[1].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).

D'weiblech Forme sinn: Gabrielle, Gabriele, Gabriella, mat de Kuerzforme Gabi, Gaby.

Leit mam Numm Gabriel änneren

Gabriel als Virnumm änneren

Gabriel als Familljennumm änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virnumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Familljennumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-18.