Gab Weis

lëtzebuergesche Comiczeechner a Moler
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gab Weis (Gabriel Weis), gebuer de 5. Oktober 1926 zu Stengefort, a gestuerwen de 14. Oktober 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Comic-Zeechner a Moler.

Gab Weis
Gebuer 5. Oktober 1926
Gestuerwen 14. Oktober 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Comicauteur

Nom Péil Schlechter war de Gab Weis deen zweete Lëtzebuerger, deen eege Comics gezeechent a getext huet.

De Gab Weis huet 1945 ugefaangen, fir d'Luxemburger Wort ze zeechnen. Ee Joer drop huet en och fir d'Familienblatt, de Baurekalenner an de Marienkalender ze schaffen. Am selwechte Joer gouf de Weis vun der Lëtzebuerger Revue engagéiert fir all Woch eng Witzsäit ze maachen, déi vun 1946 bis 1951 erauskoum. Och an de Cahiers luxembourgeois an anere Publikatioune vum Raymond Mehlen waren Zeechnunge vum Weis ze fannen.

No enger kuerzer Comic-Serie, Edelmut und Roselinde, koum 1952 déi éischt Comic-Aventure vum Weis senger bekanntster Figur eraus, dem Mil.

Hien huet och Landschaftsbiller an der Aquarell-Technik gemoolt.

Bibliographie änneren

  • Haas L., Comics in, aus und über Luxemburg, Esch-sur-Alzette, Éditions Schortgen, 2007.
  • Wir stellen vor: Gab Weis, Revue Nr51 vum 19. Dezember 1953 S.14-15 mat 10 Fotoen

Kuckt och änneren