Peter Gabriel

britesche Museker, Komponist a Songwriter (gebuer 1950)

De Peter Brian Gabriel, gebuer den 13. Februar 1950 zu Chobham, Surrey, England) ass en englesche Museker a Video-Kënschtler. Hie gouf an de fréien 1970er-Jore bekannt als Frontman a Grënnungsmember vun der Progressive-Rock-Band Genesis.

Peter Gabriel
Gebuertsnumm Peter Brian Gabriel
Gebuer 13. Februar 1950
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Charterhouse School
Aktivitéit Sänger, Komponist, Filmkomponist, Vokalist, Dichter, Schauspiller
Member vun Genesis, Garden Wall, Big Blue Ball
Famill
Liewenspartner(in) Rosanna Arquette, Sinéad O'Connor
Kanner Melanie Gabriel

Nodeem hie sech am Hierscht 1975 vu Genesis gegtrennt hat, huet hien eng Solocarrière ugefaangen, mat där e grousse Succès hat an huet. Seng Musek ass eng Mëschung aus Pop, Rock, New Age, mat däitlechen Aflëss vun der World Music. Hien huet opwänneg a spektakulär realiséiert Video-Clippe gemaach an och seng Livevirstellunge konzeptionell ugeluecht.

De Peter Gabriel engagéiert sech fir Mënscherechter, ënner anerem bei Amnesty International a bei Witness, déi e matgegrënnt huet.

Discographie änneren

Soloalben:

  • Peter Gabriel (genannt "1" oder "Car") (1977)
  • Peter Gabriel (genannt "2" oder "Scratch") (1978)
  • Peter Gabriel (genannt "3" oder "Melt") (1980)
  • Peter Gabriel (genannt "4" oder "Security") (1982)
  • So (1986)
  • Us (1992)
  • Up (2002)
  • Scratch My Blood (2010)
  • New Blood (2011)
  • i/o (2023)

Literatur änneren

  • Spencer Bright: Peter Gabriel, An authorised biography, London 1989.
  • Kai U. Jürgens: Der Fremde in mir. Peter Gabriel 1977-1982. In: AufAbwegen - Magazin für Musik und Kultur Nr. 35, Köln 2005
  • Alexander Kopp: Ein Hit und sein Videoclip: Peter Gabriel's „Digging in the dirt“, in: Gisela Nauck (Hrsg.): Positionen 18 - Beiträge zur Neuen Musik, Berlin 1994, S. 25ff.
  • Silke Riemann: Die Inszenierung von Popmusikern als Popstars in Videoclips: eine Untersuchung anhand der Videoclip-Kompilationen „US“ - Peter Gabriel (1993), „HIStory“ - Michael Jackson (1995) und „Greatest Flix II“ - Queen (1991). Berlin 1998.
  • Jürge Seibold: Peter Gabriel, Rastatt 1991.

Um Spaweck änneren

Commons: Peter Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien