Gabrielle

weibleche Virnumm
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie).

Gabrielle ass am franséischsproochege Raum a ronderëm e geleefege weibleche Virnumm. Et ass eng weiblech Form vu Gabriel. Seele gëtt et en och als Familljennumm.

Gabrielle
Den Äerzengel Gabriel
Geschlecht weibleche Virnumm
Namensdag 29. September
Ursprong
Sprooch Hebräesch
Genannt no Äerzengel Gabriel
Varianten
Spëtznumm Gab(b)i, Gab(b)y
Anert Geschlecht Gabriel(e)
Änleche Familljennumm Gabrielle

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.

Namensdag änneren

D'Gabrielle huet hiren Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.

Varianten an Ofkierzungen änneren

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab(b)i, Gab(b)y[1].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gabriella, Gabriela, Gabrijela, Gabriëlle.

D'männlech Forme sinn: Gabriel, Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).

Leit mam Numm Gabrielle änneren

Gabrielle als Virnumm änneren

Gabrielle als Familljennumm änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virnumm Gabrielle – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Familljennumm Gabrielle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-18.