Franz von Hoiningen-Huene

däitschen Offizéier


De Freiherr Franz von Hoiningen-Huene, gebuer de 15. Abrëll 1888 zu Sarre-Union a gestuerwen um Lampertsbierg den 1. Mee 1973[1][2], war en däitschen Offizéier a Schlasshär vum De la Fontaine-Schlass um Lampertsbierg a vun de Schlässer Thorn zu Palzem[3] a Berg zu Nennig op der däitscher Säit vun der Musel.

Franz von Hoiningen-Huene
Gebuertsnumm Franz Johannes Wilhelm von Hoiningen
Gebuer 15. Abrëll 1888
Sarre-Union
Gestuerwen 1973
Lampertsbierg
Aktivitéit Offizéier
Famill
Bestuet mat Marie-Amélie de la Fontaine
Geschwëster Hans von Hoiningen-Huene
Kanner Marita von Hoiningen-Huene

Éischte Weltkrich änneren

No sengem Secondaire an engem zweejäregen Universitéitsstudium zu Leizig an zu Stroossbuerg huet hie sech bei d'preisesch Arméi gemellt, wou hien am Oktober 1908 Offizéieschaspirant am Kaiser Franz Garde-Grenadier-Regiment Nr. 2 gouf. Am August 1909 gouf hie Leitnant genannt. Wéi den Éischte Weltkrich ugefaangen huet war hie mat enger Maschinnegewierkompanie bei Saint-Quentin am Asaz an hat sech do en Eisent Kräiz 2. Kl. verdéngt. Am Januar 1915 krut en de Grad vum Éischte Leitnant. Kuerz duerno am Mee krut en e Bauchschoss dee mat sech bruecht huet datt e keen Déngscht méi um Feld konnt maachen. Hien huet du Bürosaarbecht fir de Krichspressedéngscht gemaach a spéider um Kommando zu Bréissel. Am Juni 1917 krut en de Kapitänsgrad. Beim Waffeestëllstand den 11. November 1918 huet en Déngscht am Grenadier-Regiment Königin Olga gemaach. Dat Regiment gouf de Mount drop demobiliséiert an am Fréijoer 1920 définitiv opgeléist. Den Hoiningen huet sech dunn engem Freikorps ugeschloss, wou e Kader-Offizéier am Kavallerie-Schützen-Kommando 11 vun der Garde-Kavallerie-Schützen-Division war, déi am Januar 1919 zu Berlin d'Spartakusrevolt néiergeschloen huet an duerno, am Abrëll/Mee, och d'Münchner Räterepublik. Wéinst senger Verletzung hat hie keng Chance fir an déi nei gegrënnt Reichswehr opgeholl ze ginn. Hie gouf den 31. Mäerz 1920 als Hauptmann a.D. aus dem aktiven Déngscht entloss.

Tëschekrichszäit änneren

Hien huet duerno bis am Mäerz 1922 zu Berlin gelieft a koum dunn op Lëtzebuerg fir sech den 2. Mee mat der Marie-Amelie de la Fontaine enger klenger Niess vum Dicks ze bestueden.

Den 1. Mee 1933 gouf hi Member an der NSDAP a wéi 1935 d'Allgemeng Wierflicht an Däitschland agefouert gouf huet hie sech de 7. Abrëll 1935 nees bei d'Arméi zeréckgemellt. Hie krut allerdéngs do e kloren Nee, well en den Déngschtalter fir Reserveoffizéier (45 Joer) iwwerschratt hat. Seng Fra Mia war och eng kuerz Zäit an der Partei an zwar als Tresorière vun der Fraesektioun vun der Landesgruppe Luxemburg am Amt II vun der NSDAP-Auslandsorganisation. Well si awer Lëtzebuergerin war huet si net däerfen an der Partei bleiwen an huet déi Plaz no ongeféier engem Joer missen opginn.

Wéinst Duercherneen oder schlechtem Wëllen an der Zesummenaarbecht vun der däitscher Bürokratie fir d'Cotisatioun anzedreiwen a well hie sech och net besonnesch manifestéiert hat, war de Franz von Hoiningen vun 1935 un net méi Member an der Partei.

Zweete Weltkrich änneren

Wéi den Zweete Weltkrich ugaangen ass, a wéi Lëtzebuerg bis besat war, gouf en als fréieren Offizéier an d'Wehrmacht geruff. 1940/41 war en du Chef vum Laissez-Passer-Büro an der däitscher Gesandtschaft zu Lëtzebuerg, an vum August 1941 un zu Lille.


Literatur änneren

  • Heisbourg, F., 2019. Cet étrange nazi qui sauva mon père - L'odyssée du baron von Hoiningen; Paräis (Stock).
  • van Voorst, Marten, 2019. Franz Freiherr von Hoiningen-Huene (1888-1973). Ein Gerechter in Feldgrau. d'Lëtzebuerger Land Nr. 50 vum 13. Dezember 1919, S. 12.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Artikel an der Saarbrücker Zeitung
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. Mee 1973 S.7
  3. D'Schlass ass haut nach am Familljebesëtz
  • Quell wou net anescht uginn: Bodo Bost, Franz von Hoiningen-Huene - Ein „gerechter“ Deutscher im besetzten Luxemburg (kuckt: Um Spaweck), op ons-jongen-a-meedercher.lu, der Websäit vun der Fédération des Enrôlés de force, gekuckt den 2. Februar 2019