Hoyningen-Huene
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hoyningen-Huene, och nach Hoyningen resp. Hoiningen oder Hoyningen genannt Huene, ass den Numm vun engem alen Adelsgeschlecht aus dem Rheinland. D'Famill krut méi spéit absënns am Baltikum, an Hessen an a Preisen grousse Besëtz an och Respekt. Verschidden Äscht vun der Famill bestinn nach bis haut.
Geschicht
ännerenOriginnen
ännerenD'Geschlecht kënnt vun Hönningen un der Ahr, am Rheinland. Et ass fir d'éischt 1176 an engem Akt vun enger Grondstécksschenkung dokumentéiert, an deem den Erenbold de Hoingen ernimmt gëtt. Duerno daucht den Numm beim Johann von Hoingen (1365-1383) op, méi spéit dann (4. Abrëll 1447) beim Henricus vun Hoyngen, e Schäffen zu Bonn. Vun do aus solle Membere vun der Famill (der Iwwerliwwerung no, den Jobst vu Hoyngen genannt Hune, bestuet mat der Anna vu Dumpian, gestuerwe 1480) méi spéit a Kurland (Lettland) an den Däitschen Uerdensstaat komm sinn.
De Stamm fänkt - den Dokumenter no - den 19. September 1500 mam Johann von Hoynge(n) genannt Hu(e)ne (Fils vum Jobst von Hoyngen genannt Hune) un. Hie gouf vum Uerdensmeeschter Wolter von Plettenberg mat Lännereien un der Sessau an un der Aa belehnt.
D'Schreifweis vum Numm variéiert ganz staark. Déi eelst iwwerliwwert Form ass Hoingen, duerno Hoyngen genannt Hune. Weider Versioune waren Hüenegen genannt Hüene, Huningen, Huenigen, Hühnchen, Huegenen, Hueningen, Hoinigen, Hune, Hoyne, Höen, Huyne, Huyn, Hühne, Hüne, Huene an Hühn. An Hesse war d'Schreifweis allgemeng vun Huyn, an der preisescher Branche war et Hoiningen genannt Huene. Haut nenne sech déi meescht Familljememberen Freiherr resp. Freifrau (Freiin) v. Hoyningen-Huene oder Hoyningen ganannt Huene. Déijéineg déi an Amerika an a Kanada ausgewandert sinn, hu gemenkerhand den éischten Deel vum Numm Hoyningen ewech gelooss.
Ausbreedung a Perséinlechkeeten
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Standeserhiewungen
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Wopen
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Perséinlechkeeten
ännerenNumm | gebuer | gestuerwen | Bemierkung |
---|---|---|---|
Alexander Baron von Hoyningen genannt Huene | 1861 | 1931 | russesche Staatssekretär, Geheimrot a Senator |
Alexander Emanuel Baron von Hoyningen-Huene | 1824 | 1911 | russesche Colonel, éiselesche Landrot, Geheimrot |
Armin Hagen von Hoyningen-Huene | 1942 | schafft ënnert dem Numm Peter Berlin an Amerika als Zeechner, Fotograf a Pornostar | |
Bernhard (Boris) Baron von Hoyningen genannt Huene | 1817 | 1900 | russesche Generolmajouer |
Carl Freiherr von Hoiningen genannt Huene | 1837 | 1900 | däitschen Deputéierten, Initiator vum sougenannten "lex Huene" (Militärgesetz) |
Dietmar von Hoyningen-Huene | 1943 | Dr. h. c., Professer a Rekter vun der Héichschoul Mannheim | |
Dorothee von Huene-Greenberg | 1937 | PhD, däitsch-amerikanesch Professesch op der Pace University, New York | |
Erika von Huene | 1905 | 1969 | däitsch Paleontologin fir Wierbeldéieren |
Ernst Freiherr von Hoiningen genannt Huene | 1849 | 1924 | däitsche Generol vun der Infanterie |
Ernst Freiherr von Hoyningen genannt Huene | 1855 | 1931 | livlännesche Landrot; huet déi evangeelesche Kierch zu Oberammergau gebaut |
Franz von Hoiningen-Huene | 1888 | 1973 | däitschen Diplomat a Retter vu ville Lëtzebuerger Judden; bestuet mat der Marie-Amélie de la Fontaine, enger klenger Niess vum Dicks |
Friedrich von Huene | 1875 | 1969 | Dr. phil., däitsche Paleontolog fir Wierbeldéieren; Professer op der Universitéit Tübingen |
Friedrich von Huene | 1929 | 2016 | Dr. h. c. fir Musek |
George Hoyningen-Huene | 1900 | 1968 | baltesch-amerikanesche Moudefotograf |
Gerrick Freiherr von Hoyningen-Huene | 1944 | Dr. jur., Dr. jur. habil., fréiere Professer op der Universitéit Heidelberg; Dekan vun der EBS Wiesbaden | |
Irmela vun Hoyningen-Huene | 1913 | 2012 | Kënschtlerin zu Tübingen |
Jakob vun Hoyningen genannt Huene | 1769 | 1813 | russeschen Artillerie-Generolmajouer; gefall an der Vëlkerschluecht bei Leipzig |
Johann Christoph von Huyn | 1718 | 1780 | hessesche Generolmajouer deen op der englescher Säit am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gekämpft huet |
Magnus Baron von Hoyningen genannt Huene | 1843 | 1907 | russesche Generolmajouer |
Napoleon Baron von Hoyningen genannt Huene | 1811 | 1869 | russesche Generol vun der Kavallerie |
Oswald Baron von Hoyningen-Huene | 1885 | 1963 | däitschen Ambassadeur a Portugal |
Paul Hoyningen-Huene | 1946 | Dr. phil., däitsche Wëssenschaftsphilosoph, Professer op der Universitéit Hannover | |
Roland von Huene | 1929 | PhD (UCLA), US-amerikanesche Geolog, Professer um Institut GEOMAR vun der Universitéit Kiel | |
Stephan von Huene | 1932 | 2000 | amerikanesche Kënschtler mat däitschen Originnen |
Wilhelm von Hoiningen genannt Huene | 1790 | 1857 | däitsche Generolleitnant a Festungsingenieur |
Wilhelm Karl von Huyn | 1722 | 1795 | hessesche Generolleitnant |
Literatur
änneren- Ernst Heinrich Kneschke: Neues allgemeines deutsches Adels-Lexicon. Band 4, Friedrich Voigt's Buchhandlung, Leipzig 1863, S. 512–513.
- Frank Westphal: Huene, Freiherren Hoyningen genannt. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 9, Duncker & Humblot, Berlin 1972, ISBN 3-428-00190-7, S. 740
- Genealogisches Handbuch des Adels, Adelslexikon Band V, Band 84 der Gesamtreihe, S. 387–389; C. A. Starke Verlag, Limburg (Lahn) 1984, ISSN 0435-2408
- Genealogisches Handbuch der Kurländischen Ritterschaft Teil 1, Band 1: Kurland, S. 577–596; C. A. Starke Verlag, Görlitz 1939.
- Gothaisches genealogisches Taschenbuch der freiherrlichen Häuser auf das Jahr 1865. Fünfzehnter Jahrgang, S.435
Um Spaweck
ännerenCommons: Hoyningen-Huene – Biller, Videoen oder Audiodateien |