Remo Raffaelli

lëtzebuergesche Moler, Sculpteur a Fotograf

De Remo Raffaelli, gebuer de 7. Abrëll 1941 zu Brenden an der Gemeng Ühlingen-Birkendorf am Landkrees Waldshut a Baden-Württemberg a gestuerwen de 6. Mäerz 2020[1], war e lëtzebuergesche Moler, Sculpteur a Fotograf mat italieeneschen Originnen.

Remo Raffaelli
Gebuer 7. Abrëll 1941
Gestuerwen 6. Mäerz 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Fotograf, Moler
Remo Raffaelli

Liewen änneren

De Remo Raffaelli ass zu Déifferdeng opgewuess. Vun 1958 bis 1959 hat hie Course beim Moler Attilio Lupo. Trotzdeem war de Remo Raffaelli haaptsächlech en Autodidakt. 1953 huet hie mam Molen an 1980 mam Sculptéieren ugefaangen.

De Beräich an deem de Remo Raffaelli haaptsächlech aktiv war, ass d'Fotografie. Seng schwaarz-wäiss Sportsfotoe koumen 1984 an engem Buch eraus bei deem och säi Jong Patrick Raffaelli matgemaach hat.

De Remo Raffaelli huet d'Fotografie beim J. Bohler geléiert, wou hien och 3 Joer matgeschafft huet. Bis zu sengem Liewensenn huet hie Konscht-Fotografie an de Beräicher Architektur, Landschaften, Panorama, asw gemaach. Hie war Member an der Associatioun vun de Sportsjournalisten a -fotografen, sportspress.lu.

10 Joer laang waren d'Ausstellungen Steel and Painting j.Meis- Raffaelli r. e grousse Succès.

Vun 1971 un huet de Remo Raffaelli an enger Rëtsch Länner an Europa (Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, England, Belsch, Schweden, Éisträich, Schwäiz, Tierkei) an och a Mexiko an an den USA ausgestallt.

2007 gouf hie vun der Italieenescher Konschtakademie op hir 1. Biennale de l'Arte Contemporanea zu Florenz agelueden an huet do 9 Deeg ausgestallt.

Bis 2010 krut de Remo Raffaelli véierzéng éischt Präisser, dovun 8 internationaler a 6 nationaler.

Hien huet zu Esch-Uelzecht geschafft a geliewt.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Remo a Patrick Raffaelli: Sport, 1984.

Biller änneren

Skulpturen änneren

Fotoen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Remo Raffaelli – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort, 9. Mäerz 2020, Avis mortuaires Säit 46