D'Faulbaach ass eng Baach zu Lëtzebuerg an der Gemeng Mamer. Si entspréngt um Flouer vu Garnech op enger Héicht vun 310 Meter (ATC) beim Bëschelchen Elterheck. Si leeft vun do no Nordosten ënner der Areler Autobunn, dem CR103 an der Eisebunnslinn Lëtzebuerg - Klengbetten erduercht. An der aler Kasär op der Cap kritt se Gesellschaft vun der Meneschbaach a vun do u lafen déi zwou zesummen a Richtung Osten op Mamer zou.

D'Faulbaach zu Mamer

An Ielchert just virum Verdeeler vun der A6 dréint se dann no Süden a leeft nees eng Kéier ënner der Autobunn erduercht.

Zu Mamer am Duerf leeft si dann nach ënner dem CR102 erduercht fir dann no 700 m net wäit ewech vum Foussballsterrain op enger Héicht vun 285 Meter an d'Mamer ze lafen.

D'Faulbaach huet eng Totallängt vu 5 700 Meter an ausser der Meneschbaach leeft nach vu riets just e Gruef dee vum Flouer Bruch bei Mamer kënnt dran.

Kuckt och änneren