De Jean Regenwetter, gebuer den 2. Februar 1943 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker (LSAP) a Sportfonctionnaire (FSCL).

Jean Regenwetter
Gebuer 2. Februar 1943
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP
Member vun Fédération du sport cycliste luxembourgeois
Famill
Kanner Peggy Regenwetter

Hie war vun 1963 bis 1977 Sekretär vum LAV a vun 1977 bis 1989 President vun der Aarbechterkummer.

Hie war vun 1974 bis 1999 als Deputéierten an der Chamber.

Vun 1975 bis 1978 war hie Member vum Gemengerot vun der Stad Esch.

Vun 1981 bis 1999 war hien an der Gemeng Monnerech am Gemengerot.

Zanter 1998 ass hie President vun der FSCL.

Hien ass de Papp vun der Dëschtennispillerin Peggy Regenwetter.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.