D'Europahaus an der Stad Lëtzebuerg, um Krautmaart op Nummer siwen, regruppéiert d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun, den Informatiounsbüro vum Europaparlament an en Europäeschen Informatiounszenter.

Europahaus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'41,65"N, 6°7'57,32"O
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Den RTL-Presseclub zu Gaascht am Europahaus de 15. Juni 2008. Journaliste vu lénks no riets: Claude Karger (Lëtzebuerger Journal), Marc Glesener (Luxemburger Wort), Marco Goetz (RTL, Moderater), Anne Heniqui (D'Lëtzebuerger Land) a Lucien Montebrusco (Tageblatt)

Am Juni-Juli 2021 plënneren déi zwéin Informatiounsbüroen an nei Raimlechkeeten op de Kierchbierg, an d'Konrad-Adenauer-Gebai, wou bis 2024 och en interaktiven, barriärfräien Zentrum fir Visiteure mam Numm "Erliefnes Europa" ageriicht gëtt.[1]

Servicer änneren

D'Europäesch Kommissioun, d'Europaparlament, den Europäesche Rechnungshaff, d'Europäesch Investitiounsbank an den Office des publications bedreiwen zesummen den Europäeschen Informatiounszenter um Rez-de-chaussée vum Europahaus, deen eng Partie Servicer ubitt, besonnesch am Beräich Informatioun fir den Europäesche Bierger:

  • Dokumentatiounszenter iwwer Europa mat Broschüren, Pousteren, Bicher, Europaliteratur speziell fir Kanner a Gadgeten;
  • Internetstuff mat Zougank op all Internetportaler vun der EU;
  • Visitte bei deenen d'Aarbechtsweis vun den Europäeschen Institutiounen oder aktuell Theemen unhand vu Filmer presentéiert ginn;
  • Berodungsdéngschter wéi z. B. d'Konsumenteberodung vum "Centre européen des consommateurs" an d'juristesch Berodung vum "Service Eurojus";
  • Konferenzen, z. B. de Konferenzzyklus "Les midis de l'Europe";
  • Méiglechkeet fir Journalisten, um deegleche Pressebriefing vun der Europäescher Kommissioun deelzehuelen.

Geschicht vum Gebai änneren

D'Gilly-Haus[2] hëlt d'Hallschent vun enger urbaner Insel an der Stad an, tëscht dem Krautmaart, der Fleeschiergaass an de Stroosse „Rue du Palais de justice“ an der „Rue de la Monnaie“.

Sou wéi déi Nimm et undeiten, waren an deem Quartier eng Partie Händler present, wéi eng Metzleschhal am 16. Joerhonnert, en Atelier fir Mënzen ze klappen an e Kärenhandel am 17. Joerhonnert. Déi Haiser waren no bei dem Gouverneur sengem Haus (haitegt Mansfeld-Gebai), dat vun 1795 un an e Justizpalast ëmgebaut gouf. D'Metzleschhal war héchstwarscheinlech am Gebai zanter dem Mëttelalter bis an d'Renaissance eran.

De Gabarit vum Haus a säi géien Daach kéinten aus der zweeter Hallschent vum 16. Joerhonnert stamen. Am Haus si souguer Spueren ze fannen, déi op d'Mëttelalter zeréckféieren. An der Literatur fanne sech awer leider bis an dat 20. Joerhonnert keng konkreet Hiweiser op dëst Haus.

Am Joer 1921 huet de Guillaume Salomon, genannt "Gilly", an d'Gebridder Fred an Idek Lieblich, hei d'Schonggeschäft "Chaussures Gilly" opgemaach, genannt nom gekierzte Virnumm vum Guillaume. Wärend de Krichsjoren hunn d'Famillje Salomon a Lieblich misse vu Lëtzebuerg fort. De Gilly ass 1944 zu Tel-Aviv gestuerwen, wou hien och begruewen ass. Seng Fra, d'Rose Salomon, ass nom Krich op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet d'Schonggeschäft nees nei opgebaut bis si et hirem Brudder, dem Fred Lieblich, iwwerlooss huet.

Am Summer 2006 huet d'Famill Lieblich hire Commerce agestallt an eng Partie vun de Gebaier un d'Europäesch Institutioune verlount.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. "Europahaus verlässt das Zentrum / Die EU verliert eine Vitrine." tageblatt.lu, 16.06.2021.
  2. "Gilly Gilly" heescht de Schongbuttek "Gilly" am Superjhemp, cf. den Artikel Wuertspillereien am Superjhemp.