Kärenzorten
(Virugeleet vu(n) Kären)
Op der ganzer Welt gëtt et ongeféier 3500 Kärenzorten déi an 300 Aarten opgedeelt sinn. Hei ginn déi opgezielt déi am heefegsten an der Liewesmëttelbranche gebraucht ginn an zu Lëtzebuerg ënner dem allgemengen Numm Fruucht bekannt sinn.
D'Liewensmëttelbranche besonnesch d'Bäckereien an Nuddelsfabrikanten ënnerscheeden tëscht dräi groussen Zorten:
- Mëll Kären; déi ginn haaptsächlech gebraucht fir Broutmiel oder Pâtisseriesmiel ze maachen
- Haart Kären; ginn haaptsächlech an der Schmullproduktioun gebraucht
- Käre fir d'Amelioratioun; dat si meeschtens exotesch Kären, déi räich u Planzeläim sinn, an deenen hiert Miel geholl gëtt fir Nodeeler vu verschiddene Mieler auszegläichen, déi an der Bäckerei gebraucht ginn.
Lëtzebuergeschen Numm | Wëssenschaftlechen Numm | Däitsch | Franséisch | Englesch |
---|---|---|---|---|
Spelz | Triticum spelta L. | Dinkel | épeautre | spelt |
Weess | Triticum aestivum L. | Weizen | blé, froment | wheat |
Geescht Wantergeescht |
Hordeum vulgare L. | Gerste Wintergerste |
orge escourgeon |
barley winter barley |
Huewer | Avena sativa L. | Hafer | avoine | oat |
Kar | Secale cereale L. | Roggen | seigle | rye |
Mais | Zea mays L. | Mais | maïs (blé de Turquie) |
maize corn (amer.) |
Räis | Oryza sativa L. | Reis | riz | rice |
Mill | Pennisetum glaucum (L.) R.Br. | Perlhirse | millet perle | pearl millet |
Gewéinlecht Wëllkaar | Fagopyrum esculentum Moench | gemeiner Buchweizen | sarrasin, blé noir | common buckwheat |
Tatarescht Wëllkaar | F. tataricum (L.) Gaertn. | Tatrischer Buchweizen, falscher B. |
sarrasin de Tartarie, blé noir fourrager |
Tartary buckwheat, green buckwheat |
Fluess | Linum usitatissimum L. | Lein, Flachs | lin | flax |