Eng Europäesch Direktiv (de: Richtlinie) ass en europäescht Gesetz, dat vum europäesche Legislateur, d. h. dem Conseil vun der Europäescher Unioun, meeschtens zesumme mam Europäesche Parlament decidéiert ginn ass.

Si verflicht déi Länner un déi se geriicht ass (also meeschtens alle 27), e bestëmmtent Zil, dat dora festgehalen ass, bannent enger bestëmmter Zäit z'erreechen. Wéi se dëst Zil erreeche sollen, (z. B. duerch nei oder geännert national Gesetzer, oder och soss Mesuren) ass de Memberstaaten iwwerlooss.

Et ass eng vun de Rolle vun der Europäescher Kommissioun, dorop opzepassen, datt d'Memberlänner d'Direktive richteg an zur Zäit "transposéieren" (also inhaltlech erfëllen). Wann dat net de Fall ass, ka s'eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff maachen.

Ausserdeem kann eng Eenzelpersoun oder eng Entreprise hire Staat verkloen, wann hinnen, well hien ze spéit eng Direktiv ëmgesat huet, Schued entstanen ass.

Eng Direktiv ass z'ënnerscheede vun engem Reglement.

Kuckt och änneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.