De Marc Jaeger gebuer 1954, ass e lëtzebuergesche Jurist a Riichter.

Marc Jaeger
Gebuer 4. Oktober 1954
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Collège d'Europe
Aktivitéit Riichter, Affekot

De 17. September 2007 gouf hie vu senge Kolleege fir dräi Joer zum President vum Geriicht éischter Instanz vum Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten a geheimer Wal gewielt. Hien ass 2010, 2013 an 2016[1] erëmgewielt ginn. 2019 ass säi Mandat ausgelaf.

Virun 2007 hat hie schonn eng grouss Chamber vum Geriicht mat fënnef Riichtere presidéiert. D'Geriicht ass dat zweethéchst Geriicht vun der Europäescher Unioun. De Marc Jaeger war den éischte Lëtzebuerger deen als President vun engem europäesche Geriicht gewielt gouf.

Liewen a Karriär änneren

De Marc Jaeger huet Droit um Centre universitaire an der Stad an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert an duerno nach e Master um Collège d'Europe zu Bruges gemaach. Hie war Affekot an der Etüd Decker-Delvaux an ass duerno fir d'éischt op de Parquet gaangen ier hie Riichter gouf. Hie war Vizepresident vum Stater Bezierksgeriicht.

A senger Qualitéit als Juge d'instruction-délégué war de Marc Jaeger vu Mëtt 1985 bis Enn November 1985 mam Dossier "Bommeleeër" befaasst, ier hien en un den Untersuchungsriichter Prosper Klein weiderginn huet. Den 19. Oktober 1985 ass eng Bomm virum Büro, deen de Marc Jaeger mat senge Kolleegen André Lutgen a Georges Heisbourg am Stater Geriicht hat, lassgaangen an huet grousse Schued ugeriicht.

Den 11. Juli 1996 ass de Marc Jaeger Riichter um Geriicht vun der EU ginn. Hie war virdru scho vun 1986 u Referendaire, en enke Mataarbechter vun engem Magistrat, um Geriichtshaff vun der EU - fir d'éischt beim lëtzebuergeschen Avocat général Jean Mischo an duerno aacht Joer bei engem italieenesche Riichter.

Hie gouf Coursen op der Uni Lëtzebuerg, Uni Nancy2 an ass President vum Institut universitaire international Luxembourg (IUIL). De Marc Jaeger ass President vum Verwaltungsrot vun der Uni Lëtzebuerg. Hien huet eng Abberzuel vu Publikaziounen an Droitsrevuen a Bicher geschriwwen.

Hie lieft um Lampertsbierg, ass bestuet a Papp vun engem Meedchen.

Hie ass Doc.h.c a Jurisprudenz vun der Università degli Studi del Sannio.

  1. Marc Jaeger bleibt Präsident des Gerichts der EU op www.wort.lu