De Luc Luycx, gebuer den 11. Abrëll 1958 zu Aalst, ass e belschen Designer vu Mënzen. Hien ass bekannt dofir, d'viischt Säit vun den Euromënzen, déi an alle Länner, déi den Euro hunn, d'selwecht ass, entworf ze hunn. Et kann een dann och op all Mënz seng Initialen "LL" gesinn.

Luc Luycx
Gebuer 11. Abrëll 1958
Aalst
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Sculpteur, Designer

Hien huet no engem Informatikstudium 1985 als Programméierer bei der Bréisseler Mënz ugefaangen. 1991 gouf en do Mënzdesigner.