Split (Musek)

Opnam (Album, EP, Single) vun zwéi Kënschtler oder Gruppen

E Split oder Splitrelease ass eng musikalesch Opnam (Album, EP, Single) vun zwéi Kënschtler oder Gruppen. Anescht wéi bei engem Kollaboratiounsalbum hu si net onbedengt zesummegeschafft, mä all Interpret huet eege Lidder opgeholl, déi just getrennt vuneneen um selwechte Medium verëffentlecht ginn. E Splitrelease ënnerscheet sech vun enger Kompilatioun andeem net vill Kënschtler mat jeeweils engem Lidd drop ze héiere sinn, mä zwéin Interprete mat jeeweils e puer Lidder. Et gëtt och Splitrelease mat méi wéi zwéin Interpreten; si ginn dann 3-Way Split, 4-Way Split, asw. genannt a komme manner dacks fir.

Bei Schallplacken oder Kassetten gëtt normalerweis eng ganz Säit mam Material vun engem Kënschtler oder enger Grupp bespillt. Bei CDe stinn d'Lidder meescht hannereneen (z. B. aacht Lidder vun engem Interpret, aacht Lidder vum aneren Interpret), mä heiandso wiesselen d'Interpreten och of.

Beispill änneren

2005 hunn déi zwou lëtzebuergesch Gruppen Treasure Chest at the End of the Rainbow a Mutiny on the Bounty e Splitalbum verëffentlecht:

Tracklëscht
Treasure Chest at the End of the Rainbow:
01: A Dawn Chorus
02: Your Game (Et tu le sais)
03: Snake Eyes
04: Set Sail Across the Universe
Mutiny on the Bounty:
05: Mute in E
06: Chico y Consuela
07: World Domino Championship
08: Horton Hears a Who