Elie Music Awards

lëtzebuergesche Musekspräis
(Virugeleet vu(n) Elie Music Award)

D'Elie Music Awards waren e kuerzliewege lëtzebuergesche Musekspräis, dee just 2007 verdeelt ginn ass.

E geet zeréck op e Projet vu sechs Schüler vun Deuxièmën aus dem Iechternacher Lycée, dee se am Optiounsfach "Project Management" op d'Bee gesat hunn. De Budget fir dat ganz Evenement louch bei ongeféier 15.000 Euro.[1]

Am Virfeld hate méi wéi honnert Museker a Museksgruppe sech ugemellt, fir an d'Selektioun vun den Nominéierten ze kommen. An der Jury souzen ënner anerem Museker, Komponisten a Journalisten, dorënner de Serge Tonnar an de Georges Urwald.[2]

Den 11. Juli 2007 goufen d'Elieën an der Rockhal zu Esch-Uelzecht verdeelt. Wärend dem Owend, dee vum Dan Spogen moderéiert gouf, sinn och Museksgruppen opgetrueden.

D'Gewënner an deene verschiddene Kategorien:

Referenzen änneren

  1. CV vum Sophie Garlinskas, responsabel fir d'Organisatioun an d'Administratioun
  2. Den Elie Music Award op rockhal.lu