Eric Falchero

lëtzebuergesche Museker

Den Eric Falchero ass e lëtzebuergesche Museker. Hien ass e Multiinstrumentalist mam Piano als Haaptinstrument.

Eric Falchero

Hien ass Member an de Gruppe Legotrip, Dream Catcher a Krunnemécken an huet bei der fréierer Grupp T42 gespillt.

Liewen änneren

Als Kand huet den Eric Falchero Trompett geléiert, duerno koumen nach aner Instrumenter derbäi, wéi den Akkordeon, d'Gittar an d'Mandolin.[1]

An den 1990er bis 2005 war den Eric Falchero bei T42 aktiv, eng vun den erfollegräichste lëtzebuergesche Bands an där Zäit. Duerno ass hien och an dem T42-Sänger John Rech senger anerer Formatioun aktiv ginn, déi och vill Succès sollt hunn: Dream Catcher. An der zweeter Hallschent vun den 1990er an de fréien 2000er war hien och en Member vun Djudju.[2],[3]

2001 huet hien d'Grupp Zap Zoo matgegrënnt an ëm déi Zäit och d'Emissioun All Aboard iwwer d'Lëtzebuerger Rockzeen op RTL Radio Lëtzebuerg moderéiert.[3] Vun 2011 un huet hie bei Legotrip gespillt an zesumme mam Serge Tonnar grouss Erfolleger op Lëtzebuergesch gefeiert.[4]

Den Eric Falchero souz an der Jury, déi beim Lëtzebuerger Filmpräis 2005 iwwer déi bescht Filmmusek entscheet huet.

2008 huet hie mat der kuerzlieweger Formatioun fal'{CER}o d'EP He's Lost an zwee Joer drop op dem RTL-Album Planet Lëtzebuerg Reloaded d'Lidd D'Zigarett erausbruecht.[5]

Ëm 2010 huet hien zesumme mam Ben Claus den Duo Krunnemécke gegrënnt, mat deem si traditionell lëtzebuergesch Lidder op der Ziharmonika spillen. Donieft begleet hien och heiansdo d'Dëppegéisser bei hiren Optrëtter.[1],[6]

An den 1990er huet hie Schoulmeeschter um ISERP geléiert an duerno op der neier Uni Lëtzebuerg Coursë ginn.[1] Den Eric Falchero bitt Coursë fir Léierpersonal un, fir Musek an der Primärschoul anzesetzen. Hie schafft nach ëmmer op der Uni Lëtzebuerg.[7]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Portrait vum Eric Falchero an der RTL Art Box (28. September 2019)
  2. tageblatt.lu: Djuju forever! vum René Hoffmann (7. August 2013)
  3. 3,0 3,1 land.lu: Ein Rockbüro in Luxemburg vum Eric Falchero (3. Mee 2001)
  4. 100komma7.lu: Enn vu Legotrip: "Et war eng besonnesch Dynamik" (10. Dezember 2019)
  5. fal'{CER}o op rateyourmusic.com
  6. Concert vun den Dëppegéisser op philharmonie.lu
  7. lessentiel.lu: Étudier la musique pour pouvoir l'enseigner (27. September 2021)