Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Beruff. Fir d'Museksgrupp, kuckt wgl. Dëppegéisser (Museksgrupp).

Den Dëppegéisser ass e Beruff, deen ausgestuerwen ass. Den Dëppegéisser ass, wéi de Schéierschlëffer an den Hauséirer dem sougenannten ambulanten Gewerbe zougerechent ginn, well si hir Déngschtleeschtunge vun Dier zu Dier ugebueden hunn.

Dëse Beruff huet dora bestanen, Dëppen oder Kasserollen ze flécken a mat Haartzënn oder soss eppes auszegéisse wa se geronnen hunn. Den Dëppegéisser huet och d'Kichegeschier an d'Läffelsgeschier gebotzt an, wann néideg, nei verzënnt. Vill huet hien dobäi net verdéngt, dacks krut en eng Schmier oder eng waarm Molzecht.

Den Dëppegéisser huet, fir e bësselche méi ze verdéngen, och nach Schrotthändler gespillt. De Schrott gouf awer meeschtens ni mat Sue bezuelt, mä géint Kichegeschier oder zweetklasseg Parzeläinswuere getosch.

Ee vun de leschte bekannten Dëppegéisser zu Lëtzebuerg war[Wéini ?] den "Dëppegéissech Mars" vu Stengefort, e gebiertegen Näerdener, deen awer zanter de 60er Joren e klengen Handel op der Habschter Strooss hat, an nach een oder zweemol d'Woch als Lompen- a Schrotthändler op den Tour gefuer ass.

Haut erënnert nach eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi sech Dëppegéisser nennt, un dëst aalt Handwierk.

A villen Dierfer erënnert den Hausnumm An Dëppegéissesch och nach dorun.

Um Spaweck

änneren