Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois

fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft
(Virugeleet vu(n) Kantonalstreck)

D'Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois (CC) (iwwersat Aktiegesellschaft vun de lëtzebuergesche Kantonaleisebunnen) ass eng fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft, déi vun 1887 bis 1934 bestanen huet.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois
(CC)
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 21. Juni 1887
Schlussdatum 1934
Branche Eisebunnsmarché

Geschicht änneren

D'Gesellschaft gouf mam kinneklech-groussherzoglechen Arrêté vum 21. Juni 1887 gegrënnt[1].

Den 13. Juli 1922 huet d'CC eng Konventioun mam Lëtzebuerger Staat ofgeschloss an där festgehale gouf, datt déi zwou Schmuelspuerstrecken, déi s'exploitéiert huet, vum Staat iwwerholl kéinte ginn, wann dee sech bis Enn 1923 eens wier. Dat ass dunn och mam Gesetz vum 26. Dezember 1923 geschitt an de 4. Januar 1924 huet de Lëtzebuerger Staat d'Kantonalbunn iwwerholl[2]. Well e selwer keng eege Verwaltungsstrukture fir d'Exploitatioun vun den Eisebunnen hat, ass d'Zoustännegkeet un de Bauteministère iwwerdroe ginn.

D'Gesellschaft ass 1934 opgeléist ginn, wéi d'Kantonal-, Sekundär- a Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen an de Staat den 19. Abrëll 1934 d'Exploitatioun dovu mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl huet[3].

Netz änneren

D'CC huet follgend Kantonalstrecke bedriwwen[4]:

Streck Längt (Km) Betribsufank Betribsenn
Dikrech - Veianen 14,11 09. Abrëll 1889 02. Mee 1948
Näerden - Roumecht 29,54 18. November 1890 16. Mee 1953

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 21 juin 1887, qui autorise l'établissement de la Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois et approuve les statuts de cette société. legilux.public.lu (21.06.1887). Gekuckt de(n) 20.03.2023.
  2. (fr)Loi du 26 décembre 1923. concernant la reprise par l'Etat des lignes de chemins de fer cantonaux de Diekirch à Vianden et de Noerdange à Martelange. legilux.public.lu (26.12.1923). Gekuckt de(n) 20.03.2023.
  3. (fr)Loi du 14 avril 1934 concernant la reprise et l'exploitation par l'Etat des chemins de fer secondaires et vicinaux. legilux.public.lu (14.04.1934). Gekuckt de(n) 20.03.2023.
  4. (fr)Chemins de Fer Cantonaux (1880 - 1923). rail.lu. Gekuckt de(n) 20.03.2023.