Distrikt Lëtzebuerg

fréieren Distrikt zu Lëtzebuerg
Kaart

rout: Kantonen am Distrikt
gro: Aner Distrikter
Basisdonnéeën
Chef-lieu:Lëtzebuerg
Fläch:904,84 km²
- Plaz:2. vun 3
Awunner:381.801[1] (01.01.2012)
- Plaz:1. vun 3
Bevëlkerungsdicht: 422 Awunner/km²

Den Distrikt Lëtzebuerg war tëscht 1843[2] an dem 3. Oktober 2015[3], wéi d'Distrikter ofgeschaaft goufen, ee vun den dräi Distrikter zu Lëtzebuerg a bestoung aus véier Kantonen:

  1. Capellen
  2. Esch-Uelzecht
  3. Lëtzebuerg
  4. Miersch

Den Distrikt Lëtzebuerg huet am Norden un den Distrikt Dikrech gegrenzt, am Osten un den Distrikt Gréiwemaacher, am Westen un d'Provënz Lëtzebuerg an der Belsch an am Süden u Loutrengen a Frankräich.

Vun 1857 bis 1867 huet de Kanton Miersch zum Distrikt Miersch gehéiert[4],[5].

Um Spaweck

änneren
   Commons: Distrikt Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Statec Luxembourg - Population par canton et commune 1821 - 2012 Archivéiert den 28.12.2013. Gekuckt den 19.01.2013.
  2. (fr) Loi du 24 février 1843 sur l'organisation communale et des districts. legilux.lu (03.04.1843). Gekuckt den 12.07.2020.
  3. (fr) Loi du 2 septembre 2015 portant abolition des districts (...). legilux.lu (09.09.2015). Gekuckt den 12.07.2020.
  4. (fr) Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. legilux.lu (03.06.1857). Gekuckt den 12.07.2020.
  5. (fr) Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt den 12.07.2020.