Distrikt Miersch

fréieren Distrikt

Den Distrikt Miersch war vum 30. Mee 1857[1] bis de 4. Mee 1867[2] ee vun de véier Lëtzebuerger Distrikter déi et an deem Zäitraum gi sinn. D'Distriktskommissariat war zu Miersch.

Den Distrikt Miersch huet vun 1857 bis 1867 bestanen. En huet sech aus de Kantone Miersch (1) a Réiden (2) zesummegesat.

Den Distrikt Miersch huet aus zwéi Kantone bestanen:

  1. Miersch
  2. Réiden

Wéi den Distrikt Miersch 1867 opgeléist gouf, gouf de Kanton Miersch un den Distrikt Lëtzebuerg an de Kanton Réiden un den Distrikt Dikrech ugehaangen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Ordonnance royale grand-ducale du 30 mai 1857 portant établissement d'un commissariat de district à Mersch. legilux.lu (03.06.1857). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  2. Loi du 4 mai 1867 portant suppression du commissariat de district de Mersch. legilux.lu (15.06.1867). Gekuckt de(n) 12.07.2020.