Deisermillen
Deisermillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Wuermer.
Deisermillen | |
---|---|
Op der Deisermillen, a Richtung Norde gekuckt | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | de: Deisermühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng | Wuermer |
Buergermeeschter | Claude Pundel |
Koordinaten |
49° 36’ 47’’ N 06° 25’ 27’’ O |
Geographie
ännerenDeisermille läit laanscht d'Wäistrooss, un der N10, tëscht Maacher a Meechtem, op enger Héicht vun 139 m (NG-L). De Lieu-dit läit südëstlech vun der fréierer Millen, déi den Numm ginn huet. Nobäi ass d'Naturschutzgebitt Kelsbaach.
D'Millen
ännerenD'Deisermillen (op der Ferrariskaart vu 1777 als Dieser Muhl vermierkt, spéider och "Deysermühle" geschriwwen)[1], war eng fréier Millen, déi duerch d'Waasserkraaft ugedriwwe gouf. Méi genee war et e ganze System vu Millen, deen d'Waasserkraaft bis op déi lescht Drëps ausgenotzt huet. Aus aacht Quelle si bis zu véier Millen ugedriwwe ginn. Am ieweschten Deel ass d'Millerad vun der d'Kallek- an Uelegmillen a Beweegung gesat ginn. Vun do aus huet d'Waasser d'Loumillen, wou Gierfstoff fir Lieder hiergestallt ginn ass, a schliisslech d'Karmillen op der Muselstrooss, ugedriwwen.
Am Dezember 1964 gouf d'Deisermille vun engem Äerdrutsch zerstéiert.[1]
Haut dréit nach en Horeca-Betrib den Numm virun.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Deisermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 "Deisermühle" op industrie.lu.