De Roberto Rastapopoulos ass "de Béisen" aus Dem Tintin seng Geschichten, dee bei all ongënschteg Geleeënheet opdaucht, fir deenen aneren ze schueden.

Roberto Rastapopoulos
Createur Hergé
Ass en(g) fiktive Mënsch, Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Filmproduzent
Universum
Aus Dem Tintin séng Geschichten
Present am Dem Tintin seng Geschichten,
Tintin en Amérique

Optrëtter änneren

De Rastapopoulos ass schonn an Amerika mat dobäi; do ass en dem Tintin säin Dëschnoper bei der Receptioun.

Bei den Zigare vum Pharao begéint den Tintin hien um Schëff fir op Port-Said vu wou de Béise weider an Arabie fiert wéinst den Dréiaarbechten un engem Film; mä dat ass alles nëmmen Tarnung, wéi een am Bloe Lotus gesäit.

Am Coke en stock verstoppt e sech hannert dem Pseudonym Marquis di Gorgonzola an ass Direkter vun der Arabair, eng Firma, déi net vill Guddes mécht.

Am Fluch 714 fir op Sidney ass de Rastapopoulos schonn zimmlech op den Hond komm.