D'Deborah Lehnen ass eng lëtzebuergesch Sängerin.

D'Deborah Lehnen (2011).

Si ass Leadsängerin bei de Birdbones a Synthesis an hat zäiteweis de Gesank bei Sug(r)cane iwwerholl. Donieft huet si mat enger Rei aner Lëtzebuerger Museker zesummegeschafft, wéi mat de Superjams (Lëtzebuerg, 2011), Sun Glitters (He Waits for Me, 2012), De Läb (Déi falsch Schlaang, 2013) oder Daniel Balthasar & Band (Parallel Universe, 2013).

2012 huet d'Deborah Lehnen zesumme mam Christophe Strotz dem Joël Heyard säi Lidd I'm in Love agesongen, d'offiziellt Lidd fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mat der Belscher Gräfin Stéphanie de Lannoy.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. lessentiel.lu: Ein Hochzeits-Song fürs Brautpaar (9. Oktober 2012; gekuckt de 14. Januar 2014)