Synthesis (Musekformatioun)

(Virugeleet vu(n) Synthesis (Museksgrupp))

Synthesis ass e lëtzebuergeschen Trip-Hop Museksprojet vun der Sängerin Deborah Lehnen (Gesank) an dem Michael Galetto (Synthesizer, Programméierung).

Schonn 2011 hat de Michael Galetto, deen eleng och nach ënner dem Numm vwaz bekannt ass, mam Deborah Lehnen um Lidd Turn Around fir dem Galetto säin Album 1984 zesummegeschafft. De Projet Synthesis ass awer eréischt d'Joer drop an d'Liewe geruff ginn.

Am Juli 2012 hu si hir éischt duebel Single Lifeline / The One erausbruecht. Am Abrëll 2013 huet Sun Glitters e Remix vun The One gemaach, deen och als Single verëffentlecht gouf. Den 12. Abrëll 2013 ass um franséische Label Chez Kito Kat d'EP Human erauskomm.

EP änneren

  • 2013: Human

Singelen änneren

Um Spaweck änneren