Sug(r)cane, meeschtens sug(r)cane geschriwwen, ass en elektronesche Museksprojet aus Lëtzebuerg vum Victor Ferreira, deen och als Sun Glitters bekannt ass. Seng Musek kann een als Mëschung aus Indie-Rock, Shoegazing an Dream Pop bezeechnen.

Projetsgeschicht änneren

De Victor Ferreira huet Sug(r)cane 1998 gegrënnt, nodeem hie Bass an de Lëtzebuerger Gruppe Brainchild, Verbal Kint an Tiger Fernandez gespillt hat.[1] Ëm 2010 ass d'Deborah Lehnen als Sängerin derbäikomm.[2]

Den éischten Album Where the End Begins ass 2000 erauskomm, duerno huet Sug(r)cane eng Rei EPen an aner Albume produzéiert. 2010 ass den Album Under the Sea um franséische Label Chez Kito Kat verëffentlecht ginn.

Sug(r)cane ass och als Remixer aktiv, zum Beispill fir De Läb (Den Dag vun der oppener Dier, 2011), Metro ( Attack of the American Girls, 2010) an Hal Flavin (Wheel of Fortune, 2010) a war bei Theater- a Filmprojete fir d'Musekproduktioun zoustänneg (dorënner Un combat a Ligne de vie).[3]

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 2000: Where the End Begins
  • 2003: Ton CD de moi
  • 2008: Le sakura (feat. baa rec)
  • 2010: (a)live at the BOtanique
  • 2010: Under the Sea

EPen änneren

  • 1999: In2 the Skies
  • 2002: The Beginnin' of Nothin'
  • 2004: So Don't Leave Before, What...
  • 200?: X-Mass Without Snow
  • 200?: Random Feelings
  • 200?: Soundfields
  • 200?: Musica é arte
  • 200?: The Waiting Room
  • 2005: When Two Worlds Collide (mat Zéro Degré)
  • 2011: Honeymoon EP (mat Cyclorama a Cinemascope)
  • 2011: It's Like a Monday But It's Not

Singelen änneren

  • 2010: What?
  • 2011: Love Me
  • 2011: Climbing the Alpamayo
  • 2011: Grow Up Like a Beautiful Flower
  • 2011: We Δre TriΔngle (feat. Deborah Lehnen)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Bäitrag op tumblr
  2. escucharemos.com: sug(r)cane - What? (8. Dezember 2010)
  3. Éischte Bäitrag op tumblr