Ministère de la Fonction publique
lëtzebuergesche Ministère
De Ministère fir d'Fonction publique (fr: Ministère de la Fonction publique, gekierzt MFP) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.
Ministère de la Fonction publique | |
---|---|
Fréiere Sëtz vum Ministère | |
Ministère fir d'Fonction publique | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Serge Wilmes |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 10, Avenue John F. Kennedy L-1855 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://mfp.gouvernement.lu/ |
Allgemenges
ännerenD'Haaptziler vum Ministère fir d'Fonction publique si fir sech ëm en attraktiven an exemplareschen ëffentlechen Déngscht anzesetzen, dee vu performantem Personal geréiert gëtt a fir en ëffentlechen Déngscht vun héijer Qualitéit ze suergen, deen op einfachen, innovativen an effikasse Reglementer baséiert.
Kompetenz vum Ministère
ännerenZu de Missioune vum Ministère fir d'Fonction publique zielen:
- eng effikass Gestioun vum Personal am ëffentlechen Déngscht ze ënnerstëtzen
- eng organisatoresch Maturitéit am ëffentlechen Déngscht ze fërderen
- an de Ressources humaines an an der Organisatioun, Methoden auszeschaffen, bei deenen de Client am Mëttelpunkt steet
- e gesetzleche Kader festzehalen, deen den Ufuerderunge vun engem kompetenten an attraktiven ëffentlechen Déngscht entsprécht.
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir d'Fonction publique falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Allgemeng Politik am Kader vum Statut, de Paien an der Gestioun vum Staatspersonal
- Allgemeng Politik vun der sozialer Verantwortung vum Staat als Patron
- Ënnerstëtzung a Begleedung fir d'Ministèren a staatlech Verwaltungen a punkto organisatoresch Entwécklung
- Gesetzgebung a Reglementatioun bezüglech dem Staatspersonal
- Regierungsverwaltung
- Gestioun vun de medezinesche Servicer vum ëffentleche Secteur
- Zenter fir d'Gestioun vum Personal an d'Organisatioun vum Staat
- Regierungskommissariat fir Disziplinaraffären
- Nationaalt Institut vun der ëffentlecher Verwaltung
- Nationale Service fir d'Sécherheet am ëffentlechen Déngscht
- Pensiounskommissioun
- Conseil de discipline
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ministère de la Fonction publique – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.