NGC 663
Stärekoup
(Virugeleet vu(n) Collinder 20)
Den NGC 663 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Cassiopeia. Den NGC 663 huet en Duerchmiesser vu 16' an eng visuell Magnitude vu +7,1 mag. Den NCG 663 ass e relativ jonke Stärekoup mat ville Be-Stären. Den NGC 663 gehéiert zu der OB-Associatioun Cassiopeia OB8, zu där ënner anerem och den NGC 654 an de Messier 103 gehéieren. Den NGC 663 gëtt als de masseräichste Stärekoup a Kär vu Cassiopeia OB8 ugesinn. Den Duebelstär Struve 152 ass e Member vum Stärekoup. Den NGC 663 gouf am Joer 1787 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
Date vum NGC 663 | |
---|---|
Objettyp | Oppene Stärekoup |
Stärebild | Cassiopeia (Cas)
|
Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 01h 46m 16s |
Deklinatioun | +61º 13' 06" |
Ausgesinn | |
Klassifikatioun | III 2 m |
Visuell Magnitude | +7,1m |
Wénkelduerchmiesser | 16' |
Stären | zirka 80 |
Hellste Stär | +8,4m |
Roudelzeg (Faarfexzess E(B-V)) | |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zu der | Mëllechstrooss, Cas OB8 |
Distanz | zirka 6400 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 663, OCl 333, C 0142+610, Cr 20, Mel 11, Lund 55, H VI-31, GC 392 |