CoRoT-9 b
De CoRoT-9 b ass en Exoplanéit, dee ronn 1.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewechläit an de sonnenänleche Stär CoRoT-9 am Stärebild Serpens begleet.[3],[4]
Exoplanéit CoRoT-9 b | |
---|---|
Stärebild | Serpens (Ser) |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 18/43/09 |
Deklinatioun | +/06/12/15 |
Distanz vun der Äerd | 1500 Lj 460 |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | (1,05 ± 0,04) RJ |
Mass | (0,84 ± 0,07) MJ |
Rotatiounsperiod | (95,2738 ± 0,0014) Deeg |
Entdecker CoRoT-Weltraumteleskop, CNES[1] | |
Entdeckungsdatum | 17. Mäerz 2010[2] |
Bezeechnungen | CoRoT-9 b |
Weider Detailer
ännerenDen Exoplanéit ass e Gasris deen an der Ausdeenung dem Jupiter gläicht, a besteet méiglecherweis haaptsächlech aus Waasserstoff an Helium. D'Klima vum Planéit huet zwar am Verglach zu de meeschten anere bis elo entdeckten Exoplanéite mat Temperature vu −20 bis +160 Grad Celsius keng grouss Temperaturënnerscheeder. Liewen, wéi mir et kennen, däerft et do awer net ginn, well et sech ëm e Gasplanéit handelt. Den Exoplanéit ëmkreest säin Zentralstär a bal dem selwechten Ofstand, wéi de Planéit Merkur d'Sonn a brauch fir en Tour ëm den Zentralstär 95 Äerddeeg.
Seng Entdeckung war duerch d'Transitmethod méiglech, well den Exoplanéit, vun der Äerd aus gesinn, direkt viru senger Sonn laanscht zitt. De Fuerschungssatellit CoRoT hat den Exoplanéit entdeckt. Dëst hat fir d'éischt spektroskopesch Ënnersich vun der Exoplanéiten-Atmosphär erméiglecht, wouduerch dëse Planéit och als Stee vu Rosetta fir d'Planéitefuerschung bezeechent gouf.[5]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ http://www.cnes.fr/web/CNES-fr/8391-gp-une-planete-temperee-decouverte-par-corot.php
- ↑ https://web.archive.org/web/20100623024000/http://planetquest.jpl.nasa.gov/atlas/atlas_profile.cfm?Planet=578 Planet Quest (englesch)
- ↑ Neuer Exoplanet im Blick – Artikel beim DLR, vom 17. März 2010
- ↑ Erstmals genaue Vermessung eines gemäßigten Exoplaneten – Pressemitteilung der ESO, vom 17. März 2010
- ↑ Exoplanet entdeckt: Der Neue im Sternbild Schlange ähnelt unseren Planeten – Artikel bei Zeit Online, vom 18. März 2010
Um Spaweck
ännerenCommons: CoRoT-9 b – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- CoRoT-9 b (englesch) – Artikel bei der EPE, vum 17. Mäerz 2010
- Artikel bei astronews.com