Cinénygma Luxembourg International Film Festival

lëtzebuergesche Filmfestival

De Cinénygma Luxembourg International Film Festival war e lëtzebuergesche Filmfestival, deen tëscht 1997 an 2006 organiséiert gouf an op Fantasyfilmer spezialiséiert war. De beschte Film krut de Filmpräis "Méliès d'argent".

Geschicht änneren

Bei der 10-Joer-Feier vum Stater Kino Utopia hu sech de Lëtzebuerger Romain Roll an den Englänner Duncan Roberts fir d'éischte Kéier begéint a gemierkt, datt hir gemeinsam Passioun de Kino ass. Si sinn zesummen op der Festival international du film fantastique zu Bréissel gaangen an hunn am Mäerz 1995 mat engem fréieren Utopia-Mataarbechter eng éischt Nuit du film fantastique zu Lëtzebuerg organiséiert. Wéinst dem Erfolleg hu si 1996 eng zweet Editioun organiséiert, an 1997, mat Ënnerstëtzung vun den Organisateuren vum Bréisseler Festival,[1] den éischte Cinénygma organiséiert.[2] D'Nuit du film fantastique, bei där véier Filmer noenee gewise goufen, gouf awer bis zum Schluss weiderhin als Deel vum reguläre Festival organiséiert. 1998 krut de Filmfestival a Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 100.000 Lëtzebuerger Frang.[3]

Vun 2000 u war de Cinénygma Member vun der Europäescher Federatioun vun de fantastesche Filmfestivallen. Vun do u gouf dowéinst de Filmpräis "Méliès d'argent" fir de beschten europäesche Fantasyfilm fir Spillfilmer a Kuerzfilmer verdeelt. Och op aneren europäesche Filmfestivalle gouf dee Präis verdeelt. D'Gewënner waren doduerch nominéiert fir den europawäiten "Méliès d'or" ze gewannen.

De Festival krut keng finanziell Ënnerstëtzung vun de Stad Lëtzebuerg. E krut e Subside vum europäesche Filmfërderprogramm MEDIA Plus, mee dee war an de leschte Joren och erof gaangen, vu 15.000 Euro an de Joren 2003 an 2004 op 10.000 Euro 2005 an 2006.[4] Ënner anerem dowéinst hunn d'Organisateuren 2006 entscheet, keng weider Editioune vum Cinénygma ze organiséieren. Nieft de Budgetsproblemer war och d'Annonce vun der Stad Lëtzebuerg fir d'Joer drop mat DirActors Cut en eegene Festival opzesetzen, deen eng direkt Konkurrenz fir de Cinénygma gewiescht wier, en Haaptgrond, fir opzehalen.[5]

Editiounen änneren

1. Editioun (1997) änneren

Bei der éischter Editioun goufen 18 Fantasyfilmer gewisen.[2]

2. Editioun (1998) änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

3. Editioun (1999) änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

4. Editioun (2000) änneren

De "Méliès d'argent" gouf fir d'éischte Kéier verdeelt an ass un dem brittesche Regisseur Simon Hunter säi Lighthouse gaangen.

5. Editioun (2001) änneren

De "Méliès d'argent" fir de beschte Spillfilm ass un dem Schwed Michael Hjorth säin Det okända (engl.:The Unknown) gaangen, dee fir de beschte Kuerzfilm un de franséischen Il est difficile de tuer quelqu'un, même un lundi.

2001 gouf de Publikumspräis agefouert. Priméiert gouf den däneschen I Kina spiser de hunde (engl.: In China They Eat Dogs).

6. Editioun (2002) änneren

Déi sechst Editioun war vum 4. bis den 13. Abrëll 2002 am Utopolis an an der Stater Cinemathéik.

De "Méliès d'argent" fir de beschte Spillfilm ass un d'Lëtzebuerger Koproduktioun Dog Soldiers gaangen, dee fir de beschte Kuerzfilm un de spuenesche Film Brasil vum F. Javier Gutiérrez. Donnie Darko krut de Publikumspräis.

Um Programm war och d'Weltpremière vum Pol Cruchten sengem Boys on the Run.[6] Och aner lëtzebuergescher Filmer goufe gewisen: der Désirée Nosbusch hiren éischte Kuerzfilm Ice Cream Sundae, d'Samsa-Produktioun Le troisième oeil vum Christophe Fraipont a CQ vum Roman Coppola (Delux Productions).[7]

7. Editioun (2003) änneren

Déi 7. Editioun gouf vum 27. Mäerz bis de 4. Abrëll 2003 am Utopolis organiséiert. Dës Kéier gouf net de "Méliès d'argent" verdeelt, mee den europawäite "Méliès d'or" fir de beschte Fantasyfilm, deen op engem vun de Festivalle vun der Europäescher Federatioun vun de fantastesche Filmfestivallen gelaf ass. Aacht Filmer waren an der offizieller Kompetitioun.[8] De "Méliès d'or" fir de Spillfilm ass un de spuenesche Fausto 5.0 gaangen, dee fir de Kuerzfilm un de belschen Oh My God?! De Publikumspräis krut den däitsche Film Ein Leben lang kurze Hosen tragen. D'Präiszeremonie gouf vun der Viviane Reding presidéiert.[9]

8. Editioun (2004) änneren

Bei der 4. Editioun, vum 28. Mäerz bis den 2. Abrëll 2004, krut den däitsche Spillfilm Tears of Kali de "Méliès d'argent".[10].

D'Zuschauer hunn den iresche Cinegael Paradiso fir de Publikumspräis gewielt.

D'Avant-première vun der Lëtzebuerger Koproduktioun George and the Dragon huet de Festival opgemaach. Elleng déi Virféierung huet 1.200 Zuschauer ugezunn.[11]

9. Editioun (2005) änneren

Déi 9. Editioun gouf tëscht dem 13. an 19. November 2005 organiséiert.

De spuenesche Film Chatarra gouf als beschten europäesche Kuerzfilm ausgezeechent an de brittesche Film London Voodoo krut de Publikumspräis. De "Meliès d'argent" ass un den norwegeschen Naboer (Next Door) vum Pål Sletaune gaangen.[12]

Star Fly vun der Lëtzebuergerin Beryl Koltz krut de "Kodak Short Movie Award".[13] Doduerch war en eligibel fir de "Méliès d'or" fir Kuerzfilmer, deen en dunn och 2006 um finnesche Filmfestival vun Espoo gewonnen huet.[14]

10. Editioun (2006) änneren

Déi 10. a lescht Editioun war vum 22. bis den 28. Oktober 2006. Dofir gouf nees de Publikumspräis agefouert.

Aacht Filmer waren an der Kompetitioun fir de"Méliès d'argent", dorënner de lëtzebuergeschen In a Dark Place vum Donato Rotunno.[12] De "Meliés d'argent" hunn den däitsche Spillfilm Rohtenburg an den ireschen The Faeries of Blackheath Woods gewonnen.

Donieft goufen och nach aner lëtzebuergesch Filmer baussent der Kompetitioun gewisen, dorënner The Plot Spoiler vum Jeff Desom.[13]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. formatcourt.com: Romain Roll: À Cannes il faudrait absolument avoir une salle melies. vum Katia Bayer (14. November 2011)
  2. 2,0 2,1 woxx.lu: Duncan Roberts: „Luxembourg, mon home“ vum Paca Rimbau Hernández (21. Mäerz 2003)
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 205
  4. Joresberichter 2003, 2004, 2005 an 2006 vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle
  5. cineuropa.org: Luxembourg wiped off the European festival map vum Boyd van Hoeij (23. November 2006)
  6. woxx.lu: POL CRUCHTEN: Boys on the Run vum Sylie Bonne (12. Abrëll 2002)
  7. land.lu: Des stars, c'est bien. Des structures, c'est mieux vum Josée Hansen (18. Abrëll 2002)
  8. cineuropa.org: Amateurs de frissons à Utopolis vum Marie-France Dupagne (13. Mërz 2013)
  9. woxx.lu: CINENYGMA: Maturité atteinte vum Nassio Beltrán (11. Abrëll 2003)
  10. horror-page.de: Tears Of Kali (net datéiert)
  11. Fonds national de soutien à la production audiovisuelle: Rapport annuel 2004
  12. 12,0 12,1 cineuropa.org: The Room de Daoust ouvre la 10ème de Cinénygma vum Boyd van Hoeij (25. Oktober 2006)
  13. 13,0 13,1 paperjam.lu: End of an Era vum Mary Carey (3. November 2006)
  14. gouvernement.lu: Le film "Starfly", réalisé par Beryl Koltz, remporte le Méliès d'Or du meilleur court-métrage au Espoo Ciné International Film Festival en Finlande (27. August 2006)