In a Dark Place (och: Dark Places) ass e lëtzebuergesch-britteschen Horrorfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Donato Rotunno aus dem Joer 2006. Et ass eng Verfilmung vum Henry James sengem Roman The Turn of the Screw. D'Haaptroll spillt d'Leelee Sobieski.

In a Dark Place
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Vereenegt Kinnekräich
Produktiounsjoer 2006
Première 2006
Dauer 95
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Donato Rotunno
Dréibuch Peter Waddington
Fotografie Jean-François Hensgens
Produzent Produzenten: Andreas Bajohra, Eddy Géradon-Luyckx, Bob Portal, Jan H. Vocke; Exekutivproduzenten: Yarek Danielak, Peter Graham, Stephen Hays, Harrison Kordestani, Donato Rotunno, Chris Sievernich; Line producer: Felix Sorger
Schauspiller
Leelee Sobieski als Anna Veigh
Tara Fitzgerald als Miss Grose
Christian Olson als Miles
Gabrielle Adam als Flora
Graham Pountney als Mr. James
Jonathan Fox als Mr. Laing
Thomas Sanne als Schouldirekter
Patrick Dechesne als Quint
Gintare Parulyte als Miss Jessel
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film hat seng Première den 21. Juli 2006 um Fantasy Filmfest zu Stuttgart.

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Anna Veigh gëtt als Kannermeedchen am Bly House engagéiert, wou et no der Erzéiung vun zwee Weesekanner, dem Flora an dem Miles, déi do bei hirem Monni wunnen, kucke soll. Dem Anna seng Virgängerin, d'Miss Jessel, war virdrun an engem Weier am Park vum Haus erdronk. Da gëtt et an der Villa och eng Gouvernante, d'Miss Grose, déi dem Anna am Ufank distanzéiert begéint. D'Anna fänkt un Halluzinatiounen ze kréie vu fréierem Hauspersonal, dat net méi lieft...

Soss änneren

De Film gouf am Vereenegte Kinnekräich an zu Lëtzebuerg gedréint. En hat e Budget vu 5 Milliounen Euro.[1]

Beim 3. Lëtzebuerger Filmpräis am Joer 2007 gouf de Regisseur Donato Rotunno fir In a Dark Place mam Präis an der Kategorie "Beschten artistesche Bäitrag" ausgezeechent.

Kritik änneren

Op online Filmportaler krut de Film éischter gemëscht bis schlecht Kriticken.[2][3][4][5]

De Lexikon des internationalen Films schreift:[6]

Stimmungsvolle Verfilmung des Romans von Henry James, die aber bei weitem nicht an Jack Claytons Adaption (Schloss des Schreckens, 1961) heranreicht.

darksidereviews.com schreift:[1]

[...] le film malgré quelques effets de styles est plutôt propre visuellement, les deux actrices principales convaincantes, l'ambiance fonctionne par moment. Mais la direction prise elle ne fonctionne pas, oubliant l'ambiguïté du récit au profit de la folie, d'autant plus que le score musical trop appuyé part parfois dans tous les sens et dessert également l'œuvre. In a Dark Place est bancal, pas toujours glorieux, pas non plus catastrophique, mais oubliable et décevant vu ce qu'il adapte.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 darksidereviews.com: In a Dark Place, de Donato Rotunno (2006) (17. September 2019)
  2. Rezensiounen an der Internet Movie Database
  3. Bewäertung op Rotten Tomatoes
  4. Bewaërtungen op moviemeter.nl
  5. Bewäertungen op rateyourmusic.com
  6. Rezensioun am Lexikon des internationalen Films op filmdienst.de