The Plot Spoiler
The Plot Spoiler ass de siwente Film vum Jeff Desom.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2006 |
Dauer | 45 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Jeff Desom |
Dréibuch | Jeff Desom |
Fotografie | Jeff Desom |
Musek | Patrick Muller |
Schnëtt | Jeff Desom |
Produzent |
Jeff Desom (Produzent) Bernard Michaux (assistant producer) Govinda Van Maele (assistant producer) |
Schauspiller | |
Gilli Milligan als Stanley Kurtz Nik Glissnik als Dr. Zeiss Goff Gretsch als Indday | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenD'Geschicht geet ëm de Stanley Kurtz, en zimmlech gestéierten Typ, deen a senger Kandheet nëmme viru Videorekorder souz an elo, als spleenegen Erwuessene mat seriéise Problemer am Beräich sozial Kontakter, an enger Videothéik schafft. De Problem bei der Saach: e bréngt et net iwwer sech, seng magistral Iwwersiicht iwwer déi Siwent Konschtform fir sech ze behalen. E verréit de Leit all ze gär de Schluss vun de Filmer am viraus. Iwwer d'Videokassett trëtt dann eng Sekt/Terrorzell, se nennt sech Ed Wood Vegetable Club, mat dem Kurtz a Verbindung.
An dësem Film sinn eng Onmass vun Uspillungen u Filmklassiker (an den Nimm vun de Personnagen, a Lokalitéiten, mä och a Biller an Zeenen) an och un d'Zäitgeschicht an d'Géigewaartsphenomeener (Bommeleeër, TV- an VHS-Junkien, Terroristen,...).
Produktioun
ännerenD'Produktioun vum Film gouf ouni weidere Budget vum deemools 17-järege Jeff Desom lancéiert. Hien huet en tëscht 2003 an 2006 um Kassetteformat MiniDV produzéiert. E gouf Am Hierscht 2005 op d'Initiativ vum Filmreakter hin an der Stad Lëtzebuerg an der Cinémathèque Municipale gewisen.[1][2]
De Jeff Desom war dowéinst och Dréibuchauteur, Produzent, Regisseur, Kameramann a Monteur.
Gielercher
ännerenDe Film huet bei der 3. Lëtzebuerger Filmpräis am Joer 2007 de Präis fir de beschte Kuerzfilm gewonnen.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ land.lu: Les délires de Stanley Kurtz (2. Mäerz 2006)
- ↑ Trailer vum Film um Vimeo-Kanal vum Regisseur