De Ciné de la Cour war e Kino an der Stad Lëtzebuerg. E stoung hanner dem Palais an der Waassergaass. En ass de 27. Oktober 1917 opgaangen ënner dem Numm Palast Theater Medinger. Am Joer 1922 ass en a Ciné de la Cour ëmgedeeft ginn.

De Kapp dee fréier iwwer der Entrée vum Ciné de la Cour war.

Am Zweete Weltkrich ware franséisch Nimm verbueden an dunn ass den Numm a Kammerlichtspiele ëmgewandelt ginn. Nom Krich war et dann erëm de Ciné de la Cour.

An den 1950er a -60er Jore war de "Cour" bei de Studente beléift, well et dunn deen eenzege Kino an der Stad war, deen an der Mëttesstonn eng Virstellung hat.

An de leschte Jore sinn am Cour nach just Reprisen a Sexfilmer gespillt ginn.

Den 30. Abrëll 1971 huet de Ciné de la Cour seng Diere fir ëmmer zougemaach. Nodeem d'Gebai e puer Joer eidel stoung, ass et ofgerappt ginn. Um neie Gebai ass e Kapp aus Steen ze gesinn, dee fréier an der Fassade vum Kino war.

Architekt vum Ciné de la Cour war de Kënschtler Mathias Martin, deen och d'Händschefabrik Reinhard, den Hotel Carlton an e puer schéi Villaen an herrschaftlech Haiser (meeschtens am Jugendstil), an der Stad, zu Hollerech, um Belair an am Gronn, entworf huet.

Literatur änneren

Kuckt och änneren