Provënzialrot
De Provënzialrot (frz. Conseil provincial) war an der Geschicht vu Lëtzebuerg eng mëttelalterlech juristesch-administrativ Institutioun, déi bis an d'19. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg eng eege Constitutioun krut, existéiert huet.[1] Am Verlaf vun der Zäit, sinn d'Kompetenzen an d'Funktiounsweis vum Provënzialrot vun den ënnerschiddlechen Herrschaften zu Lëtzebuerg ëmmer erëm ugepasst ginn.
Grënnung am MëttelalterÄnneren
De "Conseil de Sa Majesté ez pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny", méi geleefeg "Conseil Provincial" genannt, war eng iwwergeuerdnet Autoritéit an en Appelgericht fir den ale Lëtzebuerger Territoire. D'Grënnung vum Provënzialrot geet zeréck op d'Zäit vun der Gräfin Ermesinde.
NeizäitÄnneren
Op Initiativ vum Karel V. gouf de Provënzialrot am Joer 1531 reforméiert.[2][3]
Vu 1596 u souzen 10 Conseilleren am Provënzialrot: 5 adeleg "Conseillers de courte robe" a 5 "Conseillers de longue robe". Déi leschtgenannt Grupp, déi mat der Zäit ëmmer méi u Bedeitung gewonnen huet an déi och de President gestallt huet, ware Juristen.
An der Héichzäit vun den HexeprozesserÄnneren
De Provënzialrot hat vill Afloss a konnt z. B. Hexeprozesser duerch d'Erausgi vun engem Purgatiounsbréif (lettre de purge), op en Enn bréngen. Am Joer 1598 huet de Provënzialrot sou e lafenden Hexeprozess duerch e Fräisproch op en Enn bruecht an huet d'Tribunal drun erënnert datt virum Ofhale vu sou Prozesser d'Ukloen am Virfeld vum Provënzialrot missten iwwerpréift ginn.
Am Joer 1623 schreift de Provënzialrot op en Neits "dasz oftmals vielle miszbreuch vndt Excessen entweeder durch Unerfarenheit, hinlessigkeit oder boesen Eyffer der Notaren (entstünden)"[4]
Lëscht vun de Presidente vum Provënzialrot ëm d'Zäit vum Drëssegjärege KrichÄnneren
- Johann Benninck (Period 1602-1632)
- Johann Caspar Huart (Period 1632-1633)
- N.N. (kee President an der Period 1633-1637)
- Jean d'Everlange (1638)
- Peter Weims (Period 1639-1648)
Ancien RégimeÄnneren
Ënnert dem Joseph II. war de Provënzialrot vun 1782 un zu engem Conseil Souverain erhuewe ginn, wat als Auswierkung hat datt seng Urteeler net méi konnten beim Grousse Rot vu Mechelen ugefecht ginn.
QuellenÄnneren
- "Fonds du Conseil Provincial." In: Hémecht, 16. Jg., nº Heft 2 (01.04.1964), p. 118. (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- Meyers, Joseph (1936): Le siège des nobles. Monographie du palais grand-ducal. - Luxembourg : Éditions des Cahiers luxembourgeois, 1936 P. 17-30, ill., planches.
- Tidick-Ulveling, Marie-Louise, & Schmit, Sandra. (2010). Im Zeichen der Flamme (Lëtzebuerger Bibliothéik 16 16). Mersch: Centre national de littérature.
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ An der belscher Province du Luxembourg gëtt et vum Numm hier bis haut nach e Conseil Provincial.
- ↑ An der Sigillographie ass de Grousse Sigel vun deem Joer iwwerliwwert, eng Foto ass hei ze gesinn: Comité International de Sigillographie à Luxembourg. In: Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 206/207 (25.07.1970), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg, https://persist.lu/ark:70795/5149bhd3p/pages/4/articles/DIVL376]
- ↑ Cf. Fonds du Conseil Provincial (1964), p. 119
- ↑ Cf. Tidick-Ulveling & Schmit 2010, S. 41f.