Chardeneux

Duerf an der Belsch

Chardeneux ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Somme-Leuze an der Provënz Namouer an an der Régioun Wallounien.

Chardeneux
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Gemeng Somme-Leuze
Koordinaten 50° 22’ 14’’ N
      05° 21’ 43’’ O
Telefonszon 086
Postcode 5377

Geographie änneren

Chardeneux läit op der Grenz tëscht dem Condroz an der Famenne ongeféier um hallwe Wee tëscht Durbuy an Havelange an ëstlech vun der Route du Condroz. Op senger Ostgrenz stoussen d'Provënzen Namouer, Léck a Lëtzebuerg uneneen. De gréissten Deel vun der Uertschaft läit um lénksen Uwänner vum Ruisseau de Chardeneux, der Haaptquellbaach vum Néblon.

Geschicht änneren

An Laf vun der Zäit hat d'Uertschaft veschidden Nimm, ugefaange mat Cerdenois (1314), Cherdenoit (1320) a Chierdenoir (1336), iwwer Cheneneux (1541) a Cheneux (1548) bis op Chairdeneux (am 17. Joerhonnert). All déi Nimm hunn déi selwecht Etymologie déi op d'Vulgärlatäin cardonetum (Land mat Dëstelen) zeréckgeet. Um Lieu-dit La Posterie gouf et e Relais um Kiem vun Arel op Tongeren. Spéider war do eng Poststatioun. Chardeneux war och zimmlech fréi eng Par mat enger romanescher Kierch aus dem 11. Joerhonnert, mä huet mat Bonsin a Méan zum Bann vu Boffu gehéiert. Boffu war eng allodial Herrschaft am Prënzbistum Léck déi am Laf vum 17. Joerhonnert opgeléist gouf. Ënner dem franséische Regimm koum Chardeneux an d'Gemeng Bonsin, déi du bei der Belscher Gemengereform vun 1977 zesumme mat 8 Nopeschgemengen an der Gemeng Somme-Leuze opgoung.

Um Spaweck änneren

Commons: Chardeneux – Biller, Videoen oder Audiodateien