En Hoer ass e laange Fuedem, deen op der Haut vun de Mamendéiere wiisst. E besteet aus Keratin, engem Protein. All d'Mamendéieren droen op hirer Haut zumindest deelweis Hoer. Dogéint ass d'Schläimhaut ëmmer ouni Hoer.

Eng Fra mat laangen Hoer um Kapp, déi iwwert hiert Gesiicht falen.

Mat e puer Ausnamen (Handflächen, bannenzeg Säit vun de Fangeren, Suele vum Fouss, Broschtwaarzen, Lëpsen) wuessen Hoer op der gesamter baussenzeger Haut vum mënschleche Kierper. Beim Mënsch ënnerscheet een tëscht den Hoer um Kapp, den Hoer vum Baart, an de Kierperhoer.

D'Hoer vun den Déieren ginn normalerweis als Pelz bezeechent. Schof, Geessen an e puer aner Déieren hu gekrauselt Hoer, déi Woll genannt ginn. Aus der Woll gi vill Produkter hiergestallt, dorënner Gezei an Decken.

Mënschen an e puer aner Déieren hunn am Laf vun der Evolutioun vill Hoer verluer, an e puer Mamendéiere, wéi Elefanten a Walen, hu bal guer keng Hoer.

Kuckt och

änneren
Commons: Hoer – Biller, Videoen oder Audiodateien