Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Ootmung versti Physiologen déi verschidde Prozesser déi et engem Organismus erlaben, Oxygène (O2) z'absorbéieren a Kuelendioxid (CO2) ofzeginn. Et handelt sech also ëm eng Aart Gasaustausch (Hematos). D'Planzen am Géigesaz absorbéieren CO2 a ginn (duerch Photosynthees) O2 un hir Ëmwelt of.

An der Zell bezeechent d'Wuert Ootmung ee Prozess dee sech an den Zellen ofspillt. Zocker (virun allem ënner Form vu Glucos) gëtt ofgebaut an et entsteet ATP (Adenosintriphosphat), an Ofbauprodukter wéi CO2 an H2O. ATP ass eng vun de Formen ënner deenen Energie an den Zelle gespäichert gëtt. Dëse Virgang vun der Zellootmung geschitt an de Mitochondrie vun der Zell.

Et ënnerscheet ee 4 verschidden Typpe vun (physiologescher) Ootmung:

Anatomesch Beschreiwung vum mënschlechen Ootmungsapparat

änneren

De mënschlechen Ootmungsapparat besteet aus der Nues, der Strass, dem Keelkapp, der Luftröre, de Bronchen an de Longen, déi de Gasaustausch erméiglechen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ootmungsapparat beim Mënsch.