D'George Foster Peabody Awards, kuerz Peabody Awards, ginn all Joer fir exzellent Leeschtungen an der Televisioun- a Radioproduktioun an de USA verginn, dëst schonn zanter 1940, an zwar vum "Henry W. Grady College of Journalism and Mass Communication vun der University of Georgia. Si goufen nom Banquier George Foster Peabody benannt, deen d'Stëftungszomm bereetgestallt huet.

E Peabody Award gëtt generell als dee prestigiéiste Präis ugesinn, deen eng Televisiouns- oder Radiosemissioun kréie kann, well et ganz schwéier ass, sou een ze gewannen. Et ass awer weiderhin den Emmy Award, deen déi gréisst Resonanz huet.

Uganks goufen d'Peabody Awards nëmme fir Radioproduktioune verginn, mä 1948 ass d'Kategorie vun den Televisiounsproduktiounen derbäikomm an zanter Enn vun den 90er Jore souguer Produktioune fir den Internet. Filmproduktioune kënnen awer net matmaachen.

Um Spaweck änneren