André Grosbusch

lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker

Den André Grosbusch, gebuer de 17. Januar 1960, ass ee lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

André Grosbusch
Gebuer 17. Januar 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser

Formatioun a Karriär änneren

No senge Lycéesjoren am Dikrecher Kolléisch huet den André Grosbusch am deemolege Centre universitaire de Luxembourg an op der Universitéit Paris IV Geschicht studéiert. 1983 huet hien, am Kader vu senger Maîtrise, eng Diplomaarbecht iwwer d'Nokrichsdäitschland an der lëtzebuergescher ëffentlecher Meenung (1945-1949) verdeedegt. Als Stagiairesprofesser (ë. a. an der Handwierkerschoul 1984 - 86) huet hie Recherchen iwwer d'Studentevereenegungen AV (Akademikerverein) an Assoss fir säi Mémoire scientifique (1985) gemaach. Zanter enger Rei vu Joren ass den André Grosbusch Geschichtsprofesser am Dikrecher Kolléisch.

Hien huet zwee Joer laang op der polnescher Universitéit vu Poznan an am Liceum Ogolnoksztalcacy Nr. 1 Course ginn.

Den André Grosbusch wunnt zu Ettelbréck, ass bestuet a Familljepapp. Hien ass, ë. a. Éierepresident vun der ALUC, Member vum Redaktiounscomité vun nos cahiers a President vun der Associatioun Vie naissante.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • La question des réparations dans l'opinon luxembourgeoise (1945-1949) ; in: Hémecht, Jgg. 36 (Lëtzebuerg, 1984), Heft 4, Ss. 569-591 (Kaart).
  • L'orientation idéologique de l'AV [= Akademikerveräin] (1910-1940); in: Annuaire de l'ALUC 1986 [= Nr. 4/1986 vun nos cahiers (Supplément de l'ALUC)]; Ss. 65-79.
  • Un siècle de mouvements de jeunesse ; in: Mémorial 1989 - La société luxembourgeoise de 1839 à 1989 ; Editioun Les Publications mosellanes (Nr. 28, ënner der Leedung vum Martin Gerges); Lëtzebuerg, 1989; Ss. 270-285 (Bibliogr.).
  • Expérience et observations après deux années d'enseignement en Pologne ; in: récré, Diekirch (Éditions de l'APESS), Nr. 10 / 1994; Ss. 159-166 (ill.).
  • Diekirch et Ettelbrück - Pistes de recherche pour l'histoire de deux villes concurrentes ; in: nos cahiers, Jgg. 17 (1996), Nr. 2, Ss. 27-43.
  • L'Église catholique face aux défis de la politique nationale et internationale des années 30 et son apport à la Résistance sous l'Occupation ; in: Les courants politiques et la Résistance: Continuités ou ruptures? ; internationale 'Colloque' zu Esch-Uelzech, am Abrëll 2002; erausgi vun den 'Archives nationales', Lëtzebuerg (Drock: 'Graphic Press', Mamer), 2003; Ss. 64-113.
  • Bewährung, Abnutzung und Erneuerung. Die CSV der sechsiger und siebziger Jahre; in: CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert, erausgi vum Gilbert Trausch; Lëtzebuerg (Verlag Sankt Paulus), 2009; vgl. I. Deel, Kapitel VI, Ss. 329-397 (ill.). - ISBN 978-2-87963-708-2
  • E Bléck op 100 Joer AV / ALUC - Centenaire vun Akademikerveräin an "Association luxembourgeoise des Universitaires catholiques" ; Festried (16. Okt. 2010) in: Die Warte / Perspectives, Nr. 30 / 2308, Ss. 7-9 (= Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 28. Oktober 2010).
  • "Nos valeurs" défigurées; in: Heimat und Mission; Clairefontaine, 2023 (= Joergang 97), Nr. 2; Ss. 13-18 (mat enger Foto vum Auteur op der S. 13).