CR191
CR191 | ||
Land: | Lëtzebuerg | |
Gemeng: | Esch-Uelzecht Suessem | |
Direktioun: | Vum Rondpoint Rämerech (N31) bis bei de Rondpoint mam CR168 (rue de l'Usine). | |
Laf an Uschlëss | ||
N31 | N 31 | |
CR 191A | ||
Belval (Esch-Uelzecht) | CR 191B | |
Belval (Suessem) | CR 191B | |
Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng | ||
Frankräich/Russange | Geet op enger 290 m duerch Frankräich | |
Lëtzebuerg/Bieles | ||
Belval | CR 161 |
Den CR191 ass e Chemin repris am Kanton Esch-Uelzecht um Belval, um Gebitt vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem. Et ass eng Verbindungsstrooss tëscht der N31 an dem CR161, südlech vun der Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng.
Den CR191 ass ronn 2,4 km laang.
E geet vum Rond-Point Rämerech Richtung Westen tëschent de Killweiere vun der Schmelz erduerch (Rue de l'Arbed), fir dann um Rondpoint mam CR191A an d'Porte des Sciences anzebéien. Kuerz duerno, op der Héicht vun der Maison du savoir, dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg, béit en no riets an dann nees no lénks, fir dann zwou Kräizunge weider no riets an de Boulevard du Jazz anzebéien. Um Enn dovun, bei de Schaartecher vun der fréierer Agglomeratioun, béit den CR191 no lénks an de Boulevard de la Recherche a geet dann an enger Ënnerféierung ënnert der Avenue du Blues, der Wierksbunn vun ArcelorMittal, der Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng an der Rue de Belval (CR 161) erduerch. Dono mécht en eng laanggezunne Rietskéier, an e kënnt dann um Enn am Rondpoint mam CR161 (Rue de l'Usine) eraus.
Dëst lescht Stéck ass (Stand Feb. 2024) mat franséischen a lëtzebuergesche Grenzschëlter equippéiert: Op enger 290 m geet d'Strooss iwwer e Stéck Land, dat beim Redressement vun der Grenz u Lëtzebuerg sollt goen. De Kaarten an de Schëlter no ass net kloer, ob dës Ännerung schonn a Kraaft ass oder net.[1]
Biller
änneren-
Boulevard du Jazz
-
Boulevard de la Recherche, virun der Ënnerféierung
-
D'Südsäit vun der Ënnerféierung.
-
Stéck a Frankräich
Um Spaweck
ännerenCommons: CR191 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Op Geoportail weisen déi meescht Kaarten d'Redressementer nobäi, ma net (mat enger Ausnam) déi heiten. Och gëtt d'Grenz bis op weideres op Strosseschëlter uginn.