CFL-Dosto sinn Eisebunnsvoiturë vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL déi am Regionalverkéier agesat ginn. Dosto ass d'Ofkierzung vum däitsche Wuert Doppelstockwagen, d'Gefier huet 2 Stäck.

En Dosto-Steierwon an der Gare zu Ëlwen
Dosto Steierwon an der Gare zu Wolz

Allgemenges änneren

  • Dës Voiturë ginn zu Görlitz, der ëstlechster Stad an Däitschland, vu Bombardier gebaut. Si gläichen den DB Dostovoiturë vun der véierter Generatioun.
  • D'Steierwee kënne mat den CFL 3000 an CFL 4000 reversibel fueren. Aus de Joren 2004 an 2005 sinn Asätz mat den CFL 3600 bekannt.
  • Dëst Material huet eng onageschränkten Autorisatioun fir den däitsche Reseau an eng speziell Geneemegung fir bis op déi belsch Grenzgaren, a bis op Virton.
  • Zanter 2005 duerfen dës Voituren net méi zesumme mat den CFL Wegmann-Voiturë fueren.

Bestand änneren

Déi 67 Mëttelvoiture goufen an de Joren 2004 an 2005 an den Typpen AB a B gebaut. 18 Steierween goufen 2005 gebaut, zwéi goufen der 2008 nobestallt.

Technesches änneren

D'Alimentatioun vun de Voituren iwwer d'Maschinn funktionéiert ënner follgende Reseauen:

  • 1000 Volt 16 2/3 Hz fir Däitschland;
  • 1500 Volt 50 Hz fir Lëtzebuerg an déi belsch Strecken ënner 25 kV Wiesselstroum;
  • 3000 Volt Gläichstroum fir d'CFL-Linn 5 a weider op Arel.

Si muss genee wei déi vun de Lokomotiven op der Grenz vun zwéi Stroumsystemer geännert ginn. An der Praxis geschitt dat nëmmen zu Waasserbëlleg ier et eriwwer an Däitschland geet.

Mëttelvoiturë vun den Typpen AB a B änneren

D'Mëttelvoiturë vum Typ AB hunn um ieweschte Stack Plaze vun der éischter Klass an um ënneschte Stack Plaze vun der zweeter Klass. D'Mëttelvoiturë vum Typ B hunn op béide Stäck Plaze vun der zweeter Klass.

Mëttelvoituren AB Mëttelvoiturë B
Baujoer 2005 2004 an 2005
Steckzuel 15 52
Capacitéit A: 48
B: 68
133
Héchstvitesse 160 km/h
Längt 26800 mm
Héicht 4631,5 mm

Steierween änneren

D'Steierween hunn um ieweschte Stack Plaze vun der éischter Klass. De Rez-de-Chaussée ass e speziell konzipéierten Deel vun der zweeter Klass mat Dieren déi déif sëtzen an et Passagéier mat reduzéierter Mobilitéit a Vëlosfuerer méi einfach maache fir eranzeklammen. Déi zwéin 2008 nobestallte Steierwee waren néideg well d'Zich op Klengbetten an Tréier nëmmen aus 2 Mëttelvoiturë mat Steierwon bestinn, a sou Mëttelvoituren iwwereg blouwe fir méi Rammen zesummenzestellen.

Steierwon
Baujoren 2005 an 2008
Steckzuel 20
Capacitéit A: 44
B: 36
Héchstvitesse 160 km/h
Längt 27270 mm
Héicht 4631,5 mm

Asaz änneren

National änneren

International änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren