Eng Braderie ass e Stroosseverkaf op engem festgeluechten Dag, meeschtens an der Zäit vun de Solden, dee vum Geschäftsverband vun enger Uertschaft organiséiert gëtt.

Annoncen aus dem Luxemburger Wort fir déi éischt Stater Braderie (1929)
Ettelbrécker Braderie, 1931
D'Munnerëffer Braderie, Biederstrooss, 30. August 2009
D'Stater Braderie, Philippsgaass, 4. September 2017
Plakat fir 90 Joer Braderie an der Stad (2019)

D'Geschäftsleit riichten da Stänn virun hirem Buttek op, op deene se Wueren zu staark erofgesaten ("bradéierten") Präisser ubidden. Meeschtens ass eng Braderie verbonne mat Manifestatioune vu Museksgesellschaften a Veräiner, am Sënn vun engem Volleksfest.

D'Wuert Braderie kënnt aus der franséischer Provënz Flandern an ass ofgeleet vu "braaden", (broden op lëtz.). Dat kënnt dohier, well deen Dag op ville Stänn gebroden Iesswuere wéi Fleesch an Hierken ugebuede goufen. Zu Lëtzebuerg waren dat am Ufank Thüringerwurschten, spéider hu Mettwurschten a Kotletten d'Rei opgefëllt.

Geschichtleches

änneren

Déi éischt Braderië waren an de franséische Flandern, mat engem Schwéierpunkt, der Stad Lille. Vun do aus huet nom Éischte Weltkrich d'Iddi vun der Braderie sech verbreet, an ass iwwer Reims a Chalons och op Nanzeg, Metz an Hayange komm[1].

Den deemolege Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, Gaston Diderich, hat keng Schwieregkeete fir der Geschäftswelt kloer ze maachen, wat fir Avantagë sou eng Braderie och fir d'Haaptstad vu Lëtzebuerg kéint hunn. Op alle Fall, sou heescht et, waren d'Commerçanten, déi 1928 d'Braderie zu Nanzeg besicht hunn, staark begeeschtert. Den 2. September 1929 ass déi éischt Braderie am Kader vun der Schueberfouer an der Stad iwwer d'Bün gaangen. Déi aner gréisser Geschäftsuertschafte sinn net hanner dem Bësch bliwwen. 2019 gouf der Stater Braderie hiren 90. „Gebuertsdag” gefeiert, och wann tëscht 1938 bis 1948 wéinst dem Krich keng Braderie ofgehale gouf.

Haut huet all gréisser Geschäftsuertschaft zu Lëtzebuerg all Joer hir Braderie, net nëmmen am Minett, mä och anerwäerts, wéi Dikrech, Ettelbréck a Miersch, fir nëmmen dës dräi Uertschaften ze nennen. Zu Diddeleng an zu Esch-Uelzecht profitéieren d'Geschäfter dovun, fir bei der Journée française, um franséischen Nationalfeierdag, e grousse Stroosseverkaf am Joer weider z'organiséieren.

Braderien zu Lëtzebuerg

änneren

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Braderien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. cf. Jules Klensch an der Nummer 18/1929 vun der Luxemburger Illustrierte.