Bosscha-Observatoire
De Bosscha-Observatoire ass den eelsten Observatoire an Indonesien. E gouf 1923 gegrënnt a gehéiert zum Institut Teknologi Bandung. E steet op enger Héicht vun 1.310 m an der Stad Lembang am Weste vun der Insel Java.
Teleskope
ännerenDen Observatoire huet fënnëf gréisser Teleskopen:
Zeiss-Duebelrefrakter
ännerenMat deem Teleskop ginn Duebelstären, besonnesch duerch Photometrie, Moundkrater, d'Planéite Mars, Saturn a Jupiter souwéi Koméiten ënnersicht resp. observéiert. Den Teleskop huet zwou Objektivlënse mat 60 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vun 10,7 Meter.
-
Teleskop (Bild virun 1941)
-
Zeiss-Duebelrefrakter vun 1923 vu Jena
-
Zeiss-Duebelrefrakter
Schmidt-Teleskop
ännerenMat dem Schmidt-Teleskop (Spëtznumm: Bima Sakti) gi Galaxien, Stärespektren, Asteroiden a Supernovaen ënnersicht. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 71 cm, d'Schmidt-Plack 50 cm, d'Brennwäit ass 2,5 m.
Bamberg-Refrakter
ännerenDëse Refrakter mat 37 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vu 7 m gëtt besonnesch bei Ënnersich vun der visueller Hellegkeet, der Distanzmiessung vu Stären, Photometrie vu Stären déi sech verdecken a bei der Sonnenobservatioun gebraucht. Den Teleskop ass mat engem Photometer ekipéiert.
Cassegrain GOTO
ännerenDe Cassegrain-Spigelteleskop ass e Geschenk vun der japanescher Regierung an huet eng computergesteiert Ausriichtung (GOTO). Un den Teleskop kann e Spektrometer ugeschloss ginn.
Unitron-Refrakter
ännerenMat dësem Teleskop, dat e Lënsenduerchmiesser vun 13 cm huet, gi Mounddäischterten, Sonnendäischterten a Sonneflecken observéiert.
Direkteren
änneren- 1923 – 1940: Joan Voûte
- 1940 – 1942: Aernout de Sitter
- 1942 – 1946: Masashi Miyaji
- 1946 – 1949: J. Hins
- 1949 – 1958: Gale Bruno van Albada
- 1958 – 1959: O.P. Hok dan Santoso Nitisastro (ff)
- 1959 – 1968: The Pik Sin
- 1968 – 1999: Bambang Hidayat
- 1999 – 2004: Moedji Raharto
- 2004 – 2006: Dhani Herdiwijaya
- 2006 – 2009: Taufiq Hidayat
- zanter 2009: Hakim L. Malasan
Um Spaweck
ännerenCommons: Bosscha-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |