De Cassegrain-Teleskop ass e Spigelteleskop. An der Literatur gëtt hien deelweis och als Jean- resp. Giovanni-Teleskop bezeechent. Den Teleskop gouf 1672 vum franséische Geléierten Laurent Cassegrain (zirka 16291693) der Ëffentlechkeet virgestallt. Well nëmmen e puer Joer virdrun och den Newton-Teleskop an de Gregory-Teleskop erfonnt goufen, gouf et eng europawäit Diskussioun iwwer d'Vir- an Nodeeler vun dëse Systemer.

Stralegank vum Cassegrain-Teleskop [1]

Änlech wéi beim Newton-Teleskop a beim Gregory-Teleskop ginn déi vum Haaptspigel gebëndelt Stralen iwwer en Hëllefsspigel säitlech (Newton) oder duerch eng Ëffnung am Haaptspigel bei den Observateur geleet.

Radarantenn mat Cassegrain-Ausféierung

Dat afalend Liicht fält op e konkav-paraboleschen Haaptspigel (de Primärspigel). Dëse reflektéiert d'Liicht op e konvex-hyperbolesche Sekundärspigel. Deen ass sou festgeluecht, datt säi Brennpunkt deen op senger konkaver Säit läit mat deem vum grousse Parabolspigel iwwereneestëmmt. Säi Brennpunkt op der konvexer Säit weist a Richtung vum Haaptspigel. Entweeder läit den Empfänger virum Haaptspigel (kuckt d'Bild vun der Radarantenn), oder déi reflektéiert Stralen erreechen hien duerch eng Ëffnung am Haaptspigel. Alternativ kënnen d'Stralen och virum Erreeche vum Haaptspigel mat engem flaache Spigel säitlech aus dem Tubus geworf ginn. Déi Positioun vun der Brennfläch nennt een Nasmythfokus.

Anescht wéi beim Newton-Teleskop a sou wéi beim Gregory-Teleskop verlängert den hyperboleschen Hëllefsspigel d'Brennwäit an erméiglecht kompakt Bauformen. Am Géigesaz zum Gregory-Teleskop läit de Sekundärspigel awer méi no um Haaptspigel wéi de Brennpunkt, wat eng méi kuerz Bauform erlaabt.

D'Bildfeld ass gekrëmmt an och aner optesch Feeler trieden op. Dat gëllt besonnesch, wa fir kleng Teleskopen e sphäreschen Haaptspigel gebraucht gëtt. Bis zu engem gewësse Grad kënnen déi Feeler duerch eng Retusch vum Sekundärspigel verklengert ginn.

Aner Spigelteleskope bauen an hirer Ausféierung um Cassegrain-Teleskop op a versichen op ënnerschiddlech Aart a Weisen, d'Bildfeeler ze reduzéieren:

Den RC-System huet sech beim Bau vu groussen Teleskope duerchgesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Cassegrain telescopes – Biller, Videoen oder Audiodateien