Scheat
(Virugeleet vu(n) Beta Pegasi)
De Scheat (arab. "Been") ass den Numm vum Stär β Pegasi am Stärebild Pegasus. De Scheat markéiert den nordëstlechsten Eck vum Pegasusquadrat. De Scheat ass e verännerleche Stär vum CO-Cygni Typ. Seng Hellegkeet schwankt tëscht +2,25 an +2,75 m mat enger Period vun 41 Deeg. De Scheat ass e Roude Ris vun der Spektralklass M2. Hien ass 210 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Aner Nimm sinn: Menkib, Seat Alpheras.
Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 23h3m47s
- Deklinatioun: +28°4'58"