De Bernard Ferdinand Lyot, gebuer de 27. Februar 1897 zu Paräis a gestuerwen den 2. Abrëll 1952 zu Kairo war e franséischen Astronom, dee sech besonnesch mat der Sonnefuerschung ofginn huet.

Bernard Ferdinand Lyot
Gebuer 27. Februar 1897
Paräis
Gestuerwen 2. Abrëll 1952
Kairo
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom
Member vun Académie des sciences, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences
Famill
Papp Constant Lyot
Observatoire vu Meudon
Spigelteleskop „Bernard Lyot“ um Pic du Midi

De Lyot hat Ingenieur, Physik a Chimie op der Universitéit zu Paräis studéiert. Vun 1920 bis zu sengem Doud huet hien um Observatoire vu Meudon geschafft.

Hien hat sech op d'Fabrikatioun vun optesche Systemer spezialiséiert an huet Instrumenter fir Analyse vun der Polarisatioun vum reflektéierte Planéiteliicht gebaut. Op hie geet de Lyot-Filter zeréck. Wärend Observatiounen um Observatoire um Pic du Midi huet hie festgestallt, datt d'Uewerfläch vum Äerdmound Eegenschafte vu vulkaneschem Stëbs opweist, an um Mars Sandstierm optrieden.

Duerch den Asaz vun engem Polarimeter huet hien d'Wierkungsweis vun deem vun him entwéckelteSonnekoronograf verbessert. Him sinn, als Éischten, Filmopname vu Protuberanze gelongen. Doriwwer eraus huet hien nei Absorptiounslinnen an der Korona nogewisen.

Fir seng Leeschtunge gouf hien e puermol ausgezeechent: 1939 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, 1947 d'Bruce Medal an 1951 d'Henry Draper Medal.

Zu sengem Gedenke gouf en Krater um Äerdmound an een um Mars souwéi den Asteroid (2452) Lyot no him genannt. Och den Zwee-Meter-Spigelteleskop um Pic du Midi, deen 1980 a Betrib geholl ginn ass, huet säin Numm.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren