De Koronograph, engl. Coronagraph ass en astronomescht Instrument fir d'Observatioun vun der Sonnenatmosphär, virun allem vun der Korona. E besteet aus engem equatorial montéierten Teleskop a speziellen Ariichtunge fir d'Sonneliicht ofzeschwächen.

Well d'Hellegkeet vun der Sonnekorona ongeféier eng Milliounmol manner ass wéi déi vun der Photosphär, muss dat iwwerstralend Sonneliicht ausgeblent ginn. Dëst geschitt duerch eng Kegelblend a speziell Filteren, wouduerch eng Aart kënschtlech Sonnendäischtert entsteet.

D'Koronographe ginn och agesat, fir d'Ëmgéigend vun helle Stären ze kucken, beispillsweis de Stär Fomalhaut b an der Noperschaft vun Fomalhaut.

Kuckt och änneren