Moie Mischnachtreisr,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Gudde Moien,

Wa Feeler mat enger Begrënnung (an dësem Fall Eifeler Reegel) verbessert ginn, da muss een dat net obedingt réckgängeg maachen. Merci am Viraus --Nilrom (Diskussioun) 18:56, 6. Aug. 2020 (UTC)Äntweren


Gudden Owend,

Ech sinn net de grousse Spezialist vum Lëtzebuergeschen, a wees beim Editéieren heiansdo net méi op een aneren eppes geännert huet oder op ech e Feeler stoe geloos hunn. Alles an der Rei, a Merci fir all Hëllef.

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 18:56, 6. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Moien an Diskussioun vum Artikel Fockeschlass gouf eng Fro gestallt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:16, 7. Aug. 2020 (UTC)Äntweren
An et gouf nach eng gestallt --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 8. Aug. 2020 (UTC)Äntweren


.Et wier och vläicht gutt wann dir den Ënnescheed tëscht zou an zu géift bekäppen. Et ass lässteg dat ëmmer nees ze verbesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 11:22, 8. Aug. 2020 (UTC)Äntweren
Ass korrigéiert, merci fir är Opmierksamkeet. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 14:59, 4. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Moien,

Mat de Referenze war iergendeppes beim Späichere schif gaangen. Hunn alles op déi feelerhaft Versioun zréckgesat. D'Verbesseren ass och vill Aarbecht. Wann Dir an de Versiounsvergläicher kuckt da gesitt dir wat verbessert gouf. Vläicht kënnt Dir Iech bei Ären nächsten Aufsätz dorun orientéieren.. --Puscas (Diskussioun) 17:16, 9. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Ech werfen e Bléck an är Ännerungen a versichen draus ze léieren. Sorry fir d'Ëmstänn an dësem Fall.

--Mischnachtreisr (Diskussioun) 17:19, 9. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Moien a wëllkomm och vu menger Säit, a merci fir Är Mataarbecht an är Kontributiounen!

--Zinneke (Diskussioun) 07:46, 10. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Gudde Moien,

E klengen Tipp: Wann Dir un engem Artikel schafft, da setzt am Ufank d'Schabloun {{EnCours}} dran (als alleréischt uewen am Artikel), da geet normalerweis keen an den Artikel ännere bis Dir fäerdeg sidd an d'Schabloun erausgeholl hutt. GilPe (Diskussioun) 09:49, 10. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Pabeierbierg änneren

Moien,

Kuck mol wgl. do → Diskussioun:Rue Albert-Unden. --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 31. Aug. 2020 (UTC)Äntweren

Schluecht vu Sedan änneren

Kuck mol Diskussioun:Schluecht vu Sedan --Nilrom (Diskussioun) 10:21, 3. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Sterpenich änneren

Hannert deem groussen viischten Deel mat dräi quadrateschen Tierm an der Mauer zur Strooss befënnt sech e Bauerenhaff.

Sinn et wierklech 3 Tierm. Wou verstoppt deen drëtte sech. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 3. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Ass korrigéiert, merci fir är Opmierksamkeet. --Mischnachtreisr (Diskussioun) 14:59, 4. Sep. 2020 (UTC)Äntweren


Traité des Pyrénées änneren

Duerch wat huet Lëtzebuerg en direkten Zesummenhank mam Traité vun de Pyrenäen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 7. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Liest den Artikel --Mischnachtreisr (Diskussioun) 12:09, 7. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

"Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich" änneren

Ech hunn Iech eng Äntwert op der Diskussiounssäit vun deem Artikel hannerluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:21, 7. Sep. 2020 (UTC)Äntweren